Minimes ouni Chance an der Coupe géint Hesper

BERDENIA BERBOURG – SWIFT HESPERANGE 0-5 (0-2)

 

Bei engem virverluechte Match vun der 8tels Final an der Coupe waren eis Minimes trotz korrekter kämpferescher Leeschtung wéi erwaart ouni Chance géint de Swift Hesper.

Schued war, dat direkt am Ufank vum Match de Géigner schons virkoum duerch en absolut vermeidbare Goal. En ofgefälschtene Fräistouss huet de Pausestand vun 0-2 bruecht.

Nom Téi si weider 3 Goaler gefall fir de Favorit aus der 1. Classe esou dat um Enn eng och an där Héicht verdingte Victoire fir Hesper feststoung.

 

Eis Equipe hat während dem Match, deen sech bal ausschliesslech an eise Halschent ofgespillt huet, an der 1. Halbzeit e schéine Fräistoss vum Steven DOS SANTOS opzeweisen deen de Goalkipp awer konnt entschärfen. An deenen zweeten 30 Minuten war et e Schoss vum Damien Steffes deen d‘Ziel awer verfehlt huet.

Nächste Rendez-vous am ganz ausgeglachene Championnat as zu Mondorf wou ët, no engem gudde Start vu 4 Punkten no 2 Matcher, gëlt de Punktekonto ze verbesseren.

 

Equipe : Nick ASSEL - Sam WAINWRIGHT, Steven DOS SANTOS, Sam KONSBRÜCK, Charel KREMER - Leandro LOPES, Jérôme KRING - Damien STEFFES, Glenn ARTOIS (cap) Jim SCHANEN - Yannick SCHROEDER an Amel DZOGOVIC

Share |