Trophée Fair-Play an Eierung vu verdéngschtvolle Memberen

Den FC Berdenia Berbourg huet bekanntlech d'FLF Trophée Fair-Play vun der Saison 2011/2012 an der 1. Divisioun gewonnen. Fir de Spiller vun der 1. an der 2. Equipe Merci ze soën, et ware jo haaptsächlech sie déi duerch hir virbildlech Verhaalen de Gewënn vun dësem Präis méiglech gemach hunn, hat de Comité eng kleng Feier organiséiert.

Béi dëser Feier goufen awer och nach verschidden Memberen geéiert, déi fir de Veräin wichteg Aufgaben iwwerholl hunn. A symphateschen an treffende Wierder huet de Präsident Claude Wampach follgenden Leit kënnen Merci soën an e Cadeau iwwereechen.

 

Fränz Leruth

 

De Fränz haat d'Fonktioun vum Vize-Präsident, hien huet duerch säin villen Asatz a seng Aarbecht, dem Veräin wichteg Dengschter geleescht. Hien ass elo nët méi Member am Comité, bléiwt dem Veräin awer och weiderhinn als aktive Member a Supporter erhaalen.

 

Germain Weicker

 

De Germain war Co-Trainer béi der 1.Equipe, Trainer vun der 2.Equipe a Member vum Comité. Ënner senger Regie konnt 2.Equipe an déi 2.Classe opsteigen, a sou e groussen sportlechen Erfolleg feieren. De Germain bléiwt och weiderhinn dem Veräin als Member erhâlen.

 

Hans Gansen

 

Den Hans ass zanter enger Zäit als Betreier vun der 1.Equipe aktiv. Well hien dës wichteg Charge onëntgeltlech mëcht, huet och hien e klenge Cadeau iwwerreecht kritt. Den Hans wäert dës Fonktioun och weiderhinn iwwerhuelen.

 

 

De Comité seet deenen 3 Léit Merci fir hieren Asatz an Engagement, nëmmen duerch ganz vill Fräiwëllegenaarbecht ass ët méiglech de Spillbetrieb, an engem Veräin mat villen aktiven, jonken wéi erwuessenen Spiller, Oprecht ze erhaalen.

 

 

 

 

 

Share |