Minimes : Verdingten Erfolleg am Derby géint Biwer 0:3 (0:1)

FC Jeunesse Biwer - Berdenia Berbourg 0:3 (0:1)

 

Op engem ongewint knubbelechen Terrain war séier kloer dat e flëssegt Spill mat flotte Kombinatiounen schwiereg giff gin.

 

Eis Jongen hu sech och iwert déi ganz 1 Halbzéit schwéier gedoen, an de Kampfgeescht war nët onbedingt deen wou ee sech virstellt, wann en Derby ugesot ass. Trotzdem as eis Equipe mat engem 1-0 Virsprong an d’Paus gaangen duerch e Goal vum Leandro LOPES.

 

Nôm Téi hat Biwer eng Grousschance mee de Nick ASSEL, dee wéineg beschäftegt war, huet den Ausgläich mat engem super Reflex verhënnert. D’Virentscheedung as an der Mëtt vun deenen zweeten 30 Minute gefall duerch e Goal vum Glenn ARTOIS. Fir d’Schlussresultat huet de Charel KREMER gesuergt.

 

Opgrond vun enger korrekter kämpferescher Leeschtung an der 2. Halbzäit geet d’Resultat an d’Rei, mee et wa sëcher kee Match dee konnt gefalen duerch flott spillerech Aktiounen.

 

Equipe :

 

Nick ASSEL – Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Steven DOS SANTOS, Amel DZOGOVIC-Jérôme KRING, Leandro LOPES - Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel Kremer - Yannick SCHROEDER , Jim SCHANEN a Mich BOHNENBERGER

 

 

Share |