Zäit fir Revanche géint Mënsbech

Am 2. Match vun der Réckronn fuere mir e Sonndeg, 10 März 2013 op Mënsbech, wou eis Equipe sech steigere muss, am Verglach zu enger duerchwuessener Partie vum lëschte Sonndeg doheem géint Itzeg, wou mir mat 2:2, d'Punkten leider hu missen deelen.

 

Mënsbech steet op der 13.Tabelleplatz, sie hunn e Sonndeg mat 3:1 géint Cessange-Bracarenses verluer. Den Himatch hu mir mat 1:2 verluer, ët ass 1 vun deenen 2 Matcher déi Mënsbech dës Saison gewanne konnten.

 

Et gëllt also fir eis Spiller fir Revanche ze huelen, a mat der néideger Konzentration, Asatz an dem Wëllen ze gewannen, zu Wierk ze goën. Nët derbäi ass de Charel Weidert, dien nô enger giel-rouder Kaart géint Itzeg, dëse Sonndeg gespart ass.

 

Kommt eis Jongen ënnerstëtzen, Upëff ass um 16:00 Auer zu Mënsbech.

 

 

Share |