Berbourg I mat Remis géint Blô-Wäiss Itzeg 2:2 (1:1) am 1. offiziellen Match 2013

Berdenia Berbourg-Blô-Wäiss Itzeg 2-2 (1-1).

 

Bei herrlechem Wieder an äisegen Temperaturen koumen eis Jongen nët esou richteg aus den Startlächer andeems se géint den FC Blô-Wäiss Itzig nëmmen e Punkt deelen.

Fréi am Match (08.Min.) konnten dei Itzeger duerch een Elefmeter mat 0-1 an Féierung goën, nodeems de Pol Petry den géignereschen Stiermer onnéideg am Stroofraum emgegrätscht huet.

 

Nôm Geigegoal hun eis Jongen sech gerappt an sech selwer méi Spillundeeler verschaaft. An der 17. Minutt koumen eis Jongen zum verdengten 1-1 wei den Tom Schmit mat enger herrlecher Diagonalpass an de Stroofraum dem Tom Hubert bedengt, deen direkt per Volley onhaalbar den Ausgläich markéiert.

 

Dôno goufen et nach e puer gutt Aktiounen, wéi zum Beispill an der 39.Minutt, wéi dem Filipe Dias nô engem Corner den Ball virun d'Feiss fällt, hien den Ball awer nët am Goal ennerbrengen konnt, oder awer den Peter Lauer, deem säi strammen Flaachschoss vum Keeper an der 43. Minutt paréiert gët.

 

Direkt no der Paus as dann baal den 2-1 gefall: Den Dias schéckt de Lauer an den Laaf an deem säi Lupfer iwert den Keeper verfehlt d'Gehäis nëmmen ëm Millimeter. Berbourg koum méi schwongvoll nôm Säitenwiessel op den Terrain. An der 52. Minutt setzt sech den Pit Speltz iwer Riets duerch, spillt den Ball op den Dias, mee deem säi Schoss gët vum Keeper gehaal. An der 56. as ët de Pit Speltz, deen just d'Aussennetz trefft.

 

Den héichverdengten 2-1 fällt an der 75. Minutt, wéi den Dennis Gansen den Ball onhaalbar vun der Säit iwert den Keeper an den Goal lupft. 5 Minutten drop dann den Schock, wei dei Itzeger den 2-2 aus dem Gewulls raus markéieren.

 

Zudem kruut de Charel Weidert an der 86. Minutt déi giel-rout Kaart gewiesen a feelt eis dômat nächst Woch zu Mënsbech.

 

En haart Steck Aarbecht dee Punkt hei, obwuel sëcherlech méi dran gewiescht wier. Egal, nächst Woch geet ët weider, an zwar zu Mënsbech, wei gewinnt um 16:00 Auer.

 

FCBB: Hoffmann J. - Scholtes, Petry, Weidert, Kaufmann (C) - Gansen, Schmit, Speltz, Hubert - Dias F., Lauer

Réserve: Bossers, Wagner, Guth, Schuster, Juncker

Nët dobäi: Dias D. (gespaart), Klein, Thies, Lacroix, Albrecht, Dahm (all verletzt), Frank, Sequeiros, Dos Santos

Share |