Leeschtungsgerechte Remis béi de Minimes BERDENIA BERBOURG - RFCUL 2 1-1 (0-1)

BERDENIA BERBOURG - RFCUL 2 1-1 (0-1)

 

Géint d’Reserve Equipe vum Champion béi de Minimes koum et um 1. Spilldag am zweeten Tour zu engem gerechte Gläichspill.

 

No zwee gudde Viirbereedungsmatcher as eis Equipe guer nët gutt an de Match komm. Di néideg Aggressivität a Konzentratioun hu gefehlt an deenen éischte 15 Minutten.

 

Duerch eng Onopmierksamkeet as deemno och den 0-1 gefall no ronn enger Véirelstonn. Duerno huet eis Equipe sech awer nô an nô an de Match eragekämpft a war e gléichwertege Géigner. E Fräistouss kuerz virun der Paus huet de Steven DOS SANTOS iwwert de Goal gesat.

 

E puer Minutten nom Téi hätt de Fusiounsveräin aus der Stad können fir eng Viirentscheedung suergen, mee hiren Eelefmeter as iwert de Goal gaangen. Vun deem Zéitpunkt unn, hunn eis Jongen de Match an d’Hand gehol a waren ëmmer géféierlech iwwert de Yannick an de Glenn. Den absolut verdingten Ausgläich as ronn 15 Minutten viru Schluss gefall nodeem de Yannick SCHROEDER sech gutt op riets duerchgesât huet, de Ball mustergülteg an d’Mëtt zereckleet an de Jérôme KRING mam flaache Fouss propper an den Eck setzt.

 

Dobäi sollt ët bleiwen. Et war e ganz équilibréierte Match mat engem Resultat wat och korrekt ass.

 

Deemno en anstännegen Optakt an d’Reckronn, deen et elo gëlt de nächste Samsdeg zu Biwer ze bestätegen.

 

Equipe :

 

Nick ASSEL – Sam WAINWRIGHT , Sam KONSBRÜCK, Steven DOS SANTOS, Amel DZOGOVIC-Jérôme KRING, Leandro LOPES - Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel Kremer - Yannick SCHROEDER a Mich BOHNENBERGER

 

 

 

 

Share |