Reprise vum Championnat e Sonndeg, 3 Mäerz 2013 zu Berbourg géint Blô-Wéiss Itzeg

Nôdiems de leschte Sonndeg den Auswärtsmatch géint den Avenir Beggen ausgefall ass, geet de Championnat dann dëse Sonndeg erëm lass, mat engem Match béi de Seniors 1, géint d'Equipe vu Blô-Wéiss Itzeg. Géint dës Equipe wou mir an der Hironn just en 1:1 konnten ereechen, an déi an der Tabell ob der 10. Plaatz léien, kënnen eis Jongen weisen, wéi hier Form nô der Wanterpause ass.

 

Nët derbäi ass den David Klein, hien ass  nô enger formidabler Hironn, elo leider verletzt a kann nët matspillen. Mir wënschen him All Guddes an dat ët geschwënn erëm biergop geet.

 

Rendez-vous ass e Sonndeg, 3 Mäez 2013 um 16:00 Auer am Stade Renert zu Berbourg.

 

Kommt eis Jongen kräfteg ënnerstëtzen! 

Share |