Berdenia Berbourg gewënnt Trophée Fair-Play 2011/2012 vun der FLF

Ganz besoneg houfreg si mir als Verain, dat mir d'Trophée Fair-Play fir d'Saison 2011/2012 gewonnen hun. An dës Wertung kommen all giel a rout Kaarten vun der 1. an der 2. Equipe, an ët weist, dat eis Spiller sech um Terrain virbildlech verhaalen hunn, a sie wéineg giel a roud Kaarten kruten.

 

Béi enger sympathescher Feier de leschten Méindeg, 28.02.2013, um Siège vun der FLF zu Monnerech, konnt eng Delegatioun vu Comitésmemberen, Trainer a Spiller zesummen mam Manternacher Buergermeeschter Henri Frank, dëse flotten Präis dien mat 1.875.-€ dotéiert ass, aus den Hänn vum Präsident vun der FLF, dem Paul Philippe empfänken.

 

Hei d'Lëscht vun de Veräiner, déi  dës Trophy d'lescht Saison gewanne konnten:

 

BGL Ligue: F91 Dudelange

Eéirepromotioun: FC Koeppchen Wormeldange

1. Division: FC Berdenia Berbourg

2. Division: AS Hosingen

3. Division: US Rambrouch

Share |