2 Transferten an der Wanterpause béim FC Berdenia Berbourg

Peter Lauer, neie Stiermer zu Berbourg
Peter Lauer, neie Stiermer zu Berbourg
Matteo Amodio, hien kënnt vum Daring Echternach béi den FC Berdenia Berbourg
Matteo Amodio, hien kënnt vum Daring Echternach béi den FC Berdenia Berbourg

 

Den FC Berdenia huet sech an der Wanterpaus mat 2 neie Spiller verstärkt.

 

Vun der Eintracht Trier wiesselt de Peter Lauer bei den FC Berdenia Berbourg. Mat séngen 25 Joer huet de grouss gewuessene Stiermer schon eng interessant Carrière firzeweisen. Niewt sengem Heemechtsveräin SV Rot Weiß Hasborn an der Eintracht Trier, mat dienen de Peter an der déitscher Oberliga gespillt huet, war hien och fir 1 Joer an d’USA studéieren, wou hien fir d’Universitéitséquipe North Florida Ospreys opgelaaf ass.

 

Vum FC Daring Echternach kënnt den 24-jähregen Mëttelfeldspiller Matteo Amodio. Nô enger laanger Verletzungspaus probéiert hien bei eis nees seng freier Leeschtungsstärkt zëreck ze fannen.

 

Mir heeschen déi 2 nei Spiller härzlech wëllkomm an eisem Veräin a wënschen hinnen vill Succès.

 

Desweidern hun awer och 2 Spiller de Veräin verloss, an zwar den Laurent Hurt an den Ernis Osmanovic. Si probéieren alle béid zu Ehnen sportlech neess Fouss ze faassen. 

 

Hinnen 2 och alles Guddes an e Merci fir hier Leeschtungen, déi sie bei eis bruecht hunn.

 

Share |