Claude Wampach, neie Präsident vum F.C. Berdenia Berbourg

An der Comitéssëtzung vum 7. Januar 2013, ass de Claude Wampach zum neien Präsident vum FC Berdenia Berbourg ernannt ginn, nodeems de Marc Kubica seng Demissioun eragereecht hat.

 

De Marc Kubica, deen als Comitésmember mol viraussiichtlech bis den 20.09. 2013 (Generalversammlung) a berodender Fonktioun weidermécht, huet a senger Amtszäit als Präsident eng ganz gutt Aarbecht geleescht an de Veräin sportlech, administrativ a finanziell op eng zolidd Basis gesat. De Marc ass elo 38 Jor am Veräin, als Seniorspiller (insgesamt während 19 Saisons, dovun 9 Saisons als Kapitän vun der 1. Equipe, an 3 Saisons als Spillertrainer), Trainer, Comitésmember a Präsident. Op dëse groussen Asaz wäerte mir béi Geleeënheet zeréckkommen, mee dem Marc op dëser Plaatz schonns en décken Merci fir Alles wat hien bis elo fir säin FC Berdenia Berbourg geleescht huet

 

De Claude Wampach ass zanter 1988, also säit 24 Jor Member vum FC Berdenia Berbourg, dëst als Spiller, als Trainer vun der 2.Equipe an zanter 2007, mat engem Jor Ënnerbriechung, och als Comitésmember. Dem Claude all Guddes a senger neier Funktioun, eng gutt Hand a vill Gléck a sengen Decisiounen.

 

Deweideren hunn nach 2 Comitésmemberen aus perséinleche Grënn aus dem Comité démissionéiert, sie wäerten awer och weiderhinn dem Veräin als Memberen erhaale bleiwen.

 

Et handelt sech ëm de Fräentz Leruth, dem Vizepresident deen a senger Zäit am Comité dem Veräin vill gutt a wichteg Aarbecht geleescht huet, an op dee mer wa mer hien brauchen,  kënnen zréckgräifen.

 

Och de Germain Weicker huet seng Démissioun als Comitésmember agereecht. Desweideren trëtt hien vun sengem Posten als Co-Trainer vun der 1. Equipe an Trainer vun der 2. Equipe zereck. Den Tom Hubert, Spiller vun der éischter Equipe, iwwerhëlt dem Germain seng Relève als Co-Trainer vum René Roller a Responsablen vun der 2. Equipe

 

Dem Fräentz, wéi och dem Germain, en décke Merci fir hir Leeschtung fir de Veräin, och sie wäerte mer duerfir béi Geleeënheet éieren.

 

 

Share |