Chrëschtfeier mat de Jugendspiller

Zu hierer traditionneller Chrëschtfeier hat d'Jugendkommissioun vum FC Berdenia Berbourg, de leschte Méindeg agelueden. No 2 flotten Footballmatcher vun de Kanner géint hir Elteren, ass duernô am Centre Beaurepaire zesummen gefeiert ginn.  Niewt dem  Präsident vum Veräin Marc Kubica, dem Präsident vun der Jugendkommissioun Daniel Wampach, verschiddenen Comitésmemberen, de Jugendtraineren Guy Artois, Alain Kring, Gil Cajao a Charel Weidert ware vill Jugensspiller mat hieren Elteren derbäi, sie hunn zesummen e flotten a gemittlechen Owend verbruecht. De nächsten Rendez-vous vun der Jugendkommissioun ass den Indoor-Tournoi, dien den Sondeg, 27. Januar 2013 an der Sportshaal vum Centre Renert stattfënnt.

Share |