Berbuerg verpasst 3 Punkten géint den FC Rodange 91 2-2 (2-2)

FC Berdenia Berbourg - FC Rodange 2-2 (2-2)

 

An engen schnellen an intensiven Match konnten eis Jongen nô engem fréien 0-2 Réckstand de Match ausgläichen an haaten an der 2. Halschent méi wéi genuch Chancen den Favorit aus dem Süden ze stierzen.

Den 0-1 ass an der 13. Minutt gefall, wei de Rodanger Spiller aus staark abseitsverdächteger Positioun den Yves Bossers am Goal konnt iwwerspillen an ongehënnert konnt markéieren. Berbuerg huet gudd dergéint gehaal, konnten hier deelweis gutt Ugrëff awer nët an eppes Zielbares ëmmënzen. Eng kaal Dusch gouw ët an der 30. Minutt wéi Rodange, no engem Corner per Kappball konnt op 0-2 erhéigen.

 

Vun dô unn waren ët d'Haushären, déi den Drock massiv erhéicht hunn an duerch ee messglecktene Schoss vum David Klein an der 32. Minutt op 1-2 verkierzen konnten. 5 Minutten drop huet den Klein mat engem Draamgoal den Ausgläich geschoss, wéi ën nô engem Corner aus 15 Meter per Volley an den Wenkel oofgeschloss huet.

Virun der Paus haaten déi Berbuerger nach 2 héichkaräteg Konterchancen, mee et sollt mam 2-2 an d'Halbzäit goën.

 

Nôm Téi war et ee Match mat oppenem Viséier: Berbuerg huet gedréckt an de Match dominéiert an déi Rodanger waren zu all Moment mat hiere Konteren brandgeféierlech. Et as 45 Minutten laang hin an hier gaang, mee ee Goal sollt nët méi faalen. Am Endeffekt wier een 3er fir déi Orange méi wéi verdengt gewiescht, mee et hätt nët sollte sinn.

Exzellent Leeschtung vun eisen Jongen am läschten Championnatsmatch an dësem Joër. Mat 20 Punkten si mer voll am Soll.

 

Den läschten Optrëtt an dësem Joër ass nächsten Sonnden an der Coupe FLF zu Lentgen. Gespillt get um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Petry P., Weidert, Dias, Hubert - Gansen, Lacroix, Speltz (77. Frank), Wagner (77.Thies), Guth (44. Dias F.) - Klein

Réserve: Hoffmann J., Frank, Thies, Dias F., Scholtes

 

Net dobäi: Dahm, Schmit, Kaufmann, Albrecht, Sequeiros, Juncker, Schuster, Dos Santos

Share |