Minimes : Sensatioun der Coupe HAMM/BENFICA - BERDENIA BERBOURG 1-2 (nô Eelëfmeeter)

HAMM/BENFICA (2. Classe) - BERDENIA BERBOURG (4. Classe) 0-0 (1-2 no Eelëfmeeter)

 

Ouni Ersatzspiller, nodeem de Steven DOS SANTOS an den Damien STEFFES wéinst Erkältung ausgefall sinn, a mat engem Poussins-Spiller dem Shai KASS, huet eis Equipe fir eng Sensatioun gesuergt an der Coupe a qualifizéiert sech verdingt fir d‘8tels Final.

 

Opgrond vun deenen 2 Ausfäll si mir mat méi enger defensiver Opstellung ugetrueden an hunn d’Heeméquipe kaum zum Spillen komme gelooss, esou dat de Favorit an deenen éichten 30 Minuten zu kenger konkreeter Goalchance koum. Et war eis Equipe déi duerch e Fräistouss vum Glenn ARTOIS esouguer hätt könne viir kommen, mee e Verteideger huet de Ball op der Linn gerett.

 

Déi zweet 30 Minutten waren e Spigelbild vun der 1. Halbzäit déi Hammer haten méi Ballbesetz méi eng proper erausgespillte Golchance haten si net. E weidere gudde Fräistouss vun eiser Equipe duerch de Yannick SCHROEDER huet d’Ziel knapp verfehlt.

Duerno koum de phantasteschen Optrëtt vun eisem Golkeeper Nick ASSEL. An der lechter Minutt huet hien mat enger sensationeller Parade e Ball aus dem Wënkel gefëscht esou dat et an d’Eelefmeterschéisse gaangen as.

Hei huet hien mat 3 weideren super Arrêten eis Equipe am Match gehalen….io an esouguer an d‘8tels Final gefouert!

 

Eis Penaltyen hunn erageschoss : Sam KONSBRÜCK an de Yannick SCHROEDER.

E Kompliment krut eis Equipe esouguer vum Géigner, deen 21 Punkten !!! an der 2. Klass gesammelt huet an als Tabellenzweeten bal an déi 1. Classe opgestiegen war!

 

Dat seet genuch iwert d‘Leeschtung vun eiser Equipe, déi wiirklech en Team as a wou een fir deen aneren rennt a kämpft !

BRAVO JONGEN, DAT WAR SUPER !!!!

 

Equipe :

Nick ASSEL – Sam KONSBRÜCK- Sam WAINWRIGHT, Jérôme KRING, Charel Kremer, Leandro LOPES- Jim SCHANEN ,Amel DZOGOVIC,Glenn ARTOIS (C), Shai KASS-Yannick SCHROEDER

 

 

Share |