Berbourg I verleiert d'Uerdnung a wichteg 3 Punken: FC Berdenia Berbourg - FC Cessange-Bracarenses 1:3 (1:0)

 FC Berdenia Berbourg - FC Cessange-Bracarenses 1:3 (1:0)

 

An der éischter Stonn vum Match huet eigentlech néischt drop higedeit, dass Berbuerg déi 3 Punkten NET geing kréien. CeBra war harmlos an quasi ouni Goalchancen.

 

Kuerz virunn der Paus (41.Minutt) as Berbuerg héichverdéngt a Féierung gaangen, wéi den David Klein eng Kappballverlängerung vum Pit Wagner am 1 géint 1 geint de géignereschen Keeper konnt ausnotzen.Bis op eng Chance an der 12. Minutt vun den Cessanger, hat Berbuerg den Match vollends ënner Kontroll. Leider gouf verpasst, freizäiteg den Saack zou ze maachen. Beschten Chance dozou haat den Serge Guth an der 48. Minutt, wéi en no engem schéinen Konter aus knapp 12 Meter ëm Zentimeter den Goal verpasst.

 

No 60 Minutten huet Berbuerg dunn aus onerklärlechen Grenn de Spillbetrieb integral agestallt an dem Géigner Ball an Mettelfeld iwwerlooss, an sech eng Feelpass no där aanerer geleescht. Sou koum et dann och, dass CeBra aus heiterem Himmel den Ausgläich an der 70.Minutt marköieren konnt. 5 Minutten drop haat den FC Berdenia Chance, wei den Charel Weidert ee Wäitschoss onglöcklech oofgefälscht huet, an de Ball just knapp iwert den Goal gaangen ass. An der 85. Minutt dunn den Genöckbroch fir eis Jongen: Nodeems den Yves Dahm nach ee Schoss konnt vun der Linn kraatzen, war et een onhaalbaren Nòschoss an de Wenkel deen zur 1-2 Feierung ageschloen as.

 

Berbuerg huet hannen opgemaach mee konnt, an der läschter halwer Stonn vum Match net wierklech fir gefeierlech Aktounen suergen. An der Nôspillzäit konnten d'Spiller vum portugiesechen Fusiounsverain iwert een schnellen Konter och nach den 1-3 markéieren.

 

Eng, alles an allem verdengten an méi wéi iwwerflësseg Neierlaag, well CeBra am Endeffekt an deene leschten 30 Minutten besser war, wei Berbuerg an der 1. Stonn, sech einfach ze vill Feeler erlaabt hunn, an sech vläit mam 1-0 am Reck ze sëcher gefillt hun.

 

Egal, waat geschitt ass, ass geschitt. Lô gellt ët sech am läschten Heemmatch géint de Leader aus Rodange rëmzekaafen, an ze beweisen, dass dësen Match just een  Ausrutscher war. Gespillt get am Stade Rénert, wéi gewinnt um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Dahm (Thies 86), Weidert, Petry P., Hubert - Guth (C) (Schuster 77.), Speltz, Dias D., Gansen - Klein, Wagner (Frank 72.)

 

Réserve: Dos Santos, Frank, Schuster, Thies, Hoffmann C.

 

Net dobäi: Schmit, Kaufmann, Lacroix, Albrecht, Juncker, Sequeiros, Scholtes, Dias F., Hoffmann J.

Share |