Minimes : Ouni Chance zu Wuermer géint de Leader ENTENTE WORMELDANGE/CANACH/MENSDORF-BERDENIA BERBOURG 5-1 (2-0)

 

ENTENTE WORMELDANGE/CANACH/MENSDORF-BERDENIA BERBOURG 5-1 (2-0)

 

Eis Equipe war op deem neien synteeteschen Terrain zu Wuermer trotz gudder kämpferescher Astellung ënnerleeën géint den Tabellenéischten.

 

Déi 1. Chance vum Match geet awer un eis Equipe, mee eisen Stiirmer Yannick SCHRODER huet ze laang gewaart fir ofzeschléissen. Ab der Véierelstonn huet d’Heeméquipe zu sengem gudden techneschen a schnellem Spill fonnt an konnt bis d’Paus 2x markéieren.

 

Mat engem taktesche Wiessel no der Paus, andeem mer de Steven DOS SANTOS nô vir geholl hun, hu mer alles op eng Kaart gesaat fir awer nach e Punkt ze huelen, mee déi Rechnung as net opgaangen.

D’Entente Wuermer/Kanech/Mënster konnt 3 weider Goaler schéissen an haaten esouguer nach eng Reih gutt Chancen. De Nick ASSEL war awer all Kéier dô fir ze paréieren. Hien konnt esouguer en Eelëfmeter haalen.

Eisen Éieregoal as op Eelefmeter hin duerch de Yannick SCHROEDER gefall.

Gratulatioun zum Opstieg un de Géigner deen all seng 10 Matcher konnt gewannen!

Wat eis Equipe ugeet, solle mer dee gudden 1. Tour festhalen dee gespillt gouf, a mir wäerten ët probéieren am 2. Tour, deen am Fréjoer lassgeht mat neie Géigner, ët nach besser ze maachen.

 

Equipe :

Nick ASSEL – Steven DOS SANTOS- Damien STEFFES, Jérôme KRING, Sam KONSBRÜCK-Leandro LOPES , Amel DZOGOVIC-Sam WAINWRIGHT, Glenn ARTOIS (C), Charel KREMER-Yannick SCHROEDER - Jim SCHANEN

 

 

Share |