Luna Uewerkuer bestrooft sech selwer duerch Disziplinlosegkeet 1:7 (1:2)

Luna Oberkorn - Berdenia Berbourg 1-7 (1-2)

 

Virun gewinnt villen matgereeste Berbuerger Supporter hunn eis Jongen trotz ville verletzten Spiller ee weideren 3er kennen verbuchen. An engem hekteschen Match huet et awer laang net dônô ausgesinn...

Schon an der 2. Minutt haaten d'Haushären den Goal um Fouss leien, mee iergendwéi konnt dei Berbuerger Verteidegung mat vereente Kräften verhënneren, dat de Ball iwert d'Goallinn leeft. Eng Minutt drop gouf den Pit Wagner am géigneresche Stroofraum getesselt an de fällegen Eelefmeter gouf vum Daniel Dias souverän zum 0-1 fir déi Orange verwandelt.

An der 6. Minutt konnt den Luna-Keeper nach sou just een oofgefälschtene Schoss vum Pit Speltz iwwert d'Laat deviéieren. Dônô waren ët déi Uewerkuerer déi méi vum Match haaten. Ee Laatentreffer an der 10. an ee geféierleche Fräistouss an der 12. Minut waren d'Resultat. An der 24.Minutt hun se eng weider Kéier d'Laat getraff, dest nodeems eng verongléckten Flank ongewollt Richtung Goal gaangen as.

Zum, zu deem Moment mei wei verdéngten Ausgläich, koumen déi Uewerkuerer an der 34. wei den Stiermer no engem feinen geste technique dem Yves Bossers am Goal mat sengem Schoss aus 16 Meter keng Chance gelooss huet. Déi Berbuerger waren nôm Ausgläich rëm méi präsent, a konnten an der 41. rëm an Féierung goën. Den David Klein konnt sech op der Grondlinn behaapten an spillt den Ball zreck op den Serge Guth, deen zum 1-2 annetzt.

 

Dei 2. Halschent sollt wesentlech méi hektesch an hëtzesch ginn: An der 56. Minutt kruut ee Verteideger vun der Luna déi rout Kaart, wéi en onnéideg haart den Dennis Gansen vun hannen emgesenst huet. Och mat 10 Mann konnt Luna weider Drock maachen an hun gutt nô vir gespillt. Geféierlech war ee Fräistouss an der 74. Minutt, deen de Bossers entschärfe konnt. 2 Minutten drop konnt den David Klein den erleisenden 1-3 markeieren, wei en mat engem strammen, oofgefälschtenen Schoss aus 16 Meter an den laangen Eck dëm Keeper keng Chance léisst. Direkt nôm uschleissenden Ustouss war et den Pit Speltz dee spekuléiert huet, an der Défense de Ball interceptéiert, a leng op den Goal leeft. Souverän an frech lupft en de Ball zum 1-4 ran. D'Luna war komplett vum Rouleau.

Bei engem Fräistouss an der 80. Minutt aus 18 Meter si gläich 2 weider Uewerkuerer Spiller vum Terrain geflunn (giel-rout wéinst Beleidegung a rout wéinst versichter Tätlechkeet). De fällegen Fräistouss gouf vum Tom Hubert herrlech am Wenkel ënnerbruecht an sou stoung ët 1-5.

Géint 8 Mann haaten dei Orange dunn einfacht Spill a konnten nach zweemol markéieren. An der 84. stoung de Guth nach eng Kéier goldrichteg an markéiert den 1-6, an den David Klein trëfft an der 87. Minutt zum 1-7 Endstand.

 

Interessanten Match mat onerwaartem Ausgang, Exzellenten Arbitrage bei engem Match, dee wierklech nët einfach ze leeden war. Lô kënne mer mat breeder Broscht an déi 2 läscht Heemmatcher virun der Wanterpaus goën.

Nächsten Sonnden kennt CeBra um 16:00 Auer an den Stade Rénert, an déi Woch drop empfänken mer den Leader aus Rodange, selwescht Auerzait.

 

FCBB: Bossers - Dahm, Weidert, Dias D., Hubert - Guth (C), Petry P., Speltz, Wagner, Gansen - Klein

Réserve: Dos Santos, Thies, Frank, Scholtes, Hoffmann C.

 

Net dobai: Schmit, Lacroix, Kaufmann, Albrecht, Sequeiros (all verletzt), Dias F., Juncker, Schuster, Hoffmann J.

Share |