Berbourg I verléiert an der leschter Minutt géint US Esch mat 2-1 (1-1)

US Esch - Berdenia Berbourg 2-1 (1-1)

 

An engem serréierten Match géint ee spillerech staarken Géigner, goufen eis Jongen fir hieren bedengungslosen Asaatz leider nët belount, dëst am 1.offiziellen Match um fonkelneien syntheteschen Terrain zu Esch.

 

Fréi am Match konnten déi Escher den 1-0 markéieren (7.Minutt), wéi se een direkten Fräistouss aus 17 Meter am Filet ënnerbruecht hunn.

Dono waren ët déi Berbourger, déi an enger ausgeglachener 1. Halschent méi Drock entweckelen konnten. An der 16. Minutt verpasst ee gudden Wäitschoss vum Pit Speltz nëmme knapp de Goal. 10 Minutten drop kruut een Escher Spiller am Stroofraum den Ball no engem Fräistouss onglécklech op den Enneraarm an dem Arbiter as näischt Aaneschtes iwwreg bliwwen wéi op de Punkt ze weisen: De Christophe Frank huet sech net bieden gelooss an souverän zum verdéngten Ausgläich getraff.

An der 33. Minutt entschärft den Yves Bossers ee geféierlechen Fräistouss. 2 Minutten drop eng gutt Chance fir Berbourg: De Speltz intercepteiert een Ball an zitt eleng iwert riets nô fir, leet de Ball virum 16er riwer op den Manuel Kaufmann, mee deem säi Schoss geet knapp laanscht.

 

No der Paus sin déi Escher stark an den Match komm an hun den Drock erhéicht. Gläich 3 Grousschancen konnten duerch den gutt opgeluechtenen Bossers am 1 geint 1 entschärft gin (60., 66. an 79. Minutt). De Frank verpasst an der 80. Minutt mat sengem Kappball den Goal. Gréissten Chance vum Match haaten eis Jongen an der 86. Minutt, wéi den Dennis Gansen herrlech an d'Déiwt geschéckt gët an eleng op den Keeper leeft, den Oofschloss sicht, mee den Escher Keeper kann mat enger formidabler Parad seng Equipe am Match haalen. 1 Minutt drop war et den Bossers, deen sech och rëm am 1 geint 1 behaapten kann.

An der leschter Minutt hunn déi Escher dann sech selwer fir hier Iwwerleeënheet an der 2. Halschent belount: Genau aus 16 Meter sicht den Stiermer direkt den Oofschloss an léisst dem Bossers am Goal keng Chance an trefft zum 2-1 Endstand.

 

Kämpferesch gutt Prestatioun vun eisen Jongen, dei um Enn onglecklech, mee net onverdengt mat eidelen Hänn mussen heemfueren. Lo gëllt et nächsten Sonnden geint Bieles rëm Alles drunzesetzen fir 3 Punkten zu Berbourg ze behaalen. Gespillt gët, wéi ëmmer, um 16:00 Auer am Stade Rénert zu Berbourg.

 

FCBB: Bossers - Dahm, Dias D., Weidert, Hubert - Gansen, Speltz, Lacroix, Kaufmann, Guth (C) - Frank

Réserve: Dos Santos, Wagner, Dias F., Juncker, Sequeiros

 

Net dobäi: Klein, Petry (béid gielgespaart), Albrecht, Thies, Schmit, Hoffmann J., Schuster, Scholtes.

Share |