Coupe bei de Minimes : Iwerraschung zu Berbuerg BERBOURG – ROSPORT 4-1 (2-1)

BERBOURG – ROSPORT 4-1 (2-1)

 

Dat d’Coupe hir eege Gesetzer huet, gouf nees ënnerstrach am Match géint de Noper vu Rouspert. Mat Ausnahm vun 10 Minuten virun der Paus huet eis Equipe eng beispillhaft Leeschtung bruecht a punkto Asatz an Disziplin géint e Géigner deen eng Klass méi héich spillt.

 

 

Et war no engem Korner, wou de Yannick SCHROEDER konnt aus kuerzer Distanz op 1-0 setzen. Den Ausgléich vu Rouspert konnt de Leandro Lopes praktesch mam Halbzeitpëff duerch eng flott Eenzelleeschtung an en 2-1 Virsprong ëmwandelen.

 

Déi komplett 2. Halbzeit huet eis Equipe en absolute Wëllen gewisen fir dee Match onbedingt ze gewannen. D’Entscheedung as awer eréicht kuerz viru Schluss gefall op Konter hin duerch de Leandro LOPES. Eisen souverän opspillende Libero Steven DOS SANTOS huet mam engem kuckeswerte Solo schliesslech mam Schlusspëff op 4-1 gesât.

 

Kompliment un déi ganz Equipe !

 

Genau dat Optrieden as noutwendeg fir déi néideg Punkten am Championnat ze huelen. Mir packen dat all zesummen!

 

Equipe :

Nick ASSEL – Steven DOS SANTOS, Jérôme KRING, Sam WAINWRIGHT, Sam KONSBRÜCK-Leandro LOPES , Amel DZOGOVIC, Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel KREMER; Yannick SCHROEDER

 

 

 

 

Share |