Dei 2 Gesiichter vum FC Berdenia: 4-2 (0-2) Victoire géint Titus Lamadelaine

FC Berdenia Berbourg - Titus Lamadeleine 4-2 (0-2)

 

Am Stade Rénert kruuten dei vill Supporteren Alles gebueden, waat ee Fussballsmatch bidde kann.

 

Den Opsteiger aus Lamadelaine huet ganz stark ugefangen an déi Berbuerger massiv ennert Drock gesaat. An der 5. Minutt hunn se hier Bemeihungen belount, wei se ee Schoss aus 16 Meter am Wenkel ennerbréngen konnten. Den Yves Bossers am Goal war nach drun, konnt den Ball awer net mei entscheedent devieieren. Nom Goal as et monter rop an roof gaangen mat gudden Chancen op beiden Saiten.

 

Sou treffen d'Gäscht an der 9. Minutt nemmen d'Laat an em Dennis Gansen säi Schoss an der 11. Minutt gët op der Linn geklärt. An der 15. Minutt wéi och an der 21. Minutt war et zweemol den Daniel Dias, dee brillant op der Linn geklärt huet, nodeems Lamadelaine schon de Bossers am Goal iwwerspillt haat. Dônô ass de Match liicht oofgeflaacht, mee Lamadelaine war zu all Moment geféierlech.

An der 39. Minutt konnten se dunn op 0-2 erhéijen, wei den Stiermer sëch riets am Stroofraum behaapt an no engem Crochet de Ball onhaalbar iwert den Bossers an den laangen Eck schlänzt.

 

Nom Téi hunn d'Haushären de Match an d'Hand geholl an alles drû gesaat, daat Ganzt nach zum Positiven ze dréien. Schon an der 49. Minutt sollten se belount gin, wei den David Klein ee Ball interceptéiert an äiskaal aus 12 Meter zum 2-1 annetzt. Berbuerg haat lo dreckend Iwwergewiicht a koum an der 71. Minutt duerch een herrlechen Fraistouss vum Dennis Gansen zum Ausgläich. An der 83. Minutt as ët richteg geféierlech ginn. Lamadelaine koum zu 2 richteg gudden Goalchancen, mee de Bossers rett als éischt de Réckstand an nom uschleissenden Corner konnt den Serge Guth op der Linn klären.

An der 86. Minutt war et den David Klein deen zum verdéngten 3-2 markéieren konnt. 2 Minutten drop, trefft den Christophe Frank nemmen d'Laat. No engem schéinen Ugrëff konnt den Gansen an der 89. Minutt den Saak zoumaachen wéi en fräistehend am Stroofraum de Ball zum 4-2 markéieren konnt.

 

Eng, opgrond vun enger gudder 2.Halschent, verdengten Victoire, ei och nach wesentlech mei héich hätt keinten ausfaalen, zumols den David Klein nach 3 weider Goaler geschoss huet. Mee sain "Abseits-Hattrick" gouf 3-mol wéinst Abseitspositioun oofgepaff.

 

Lo hun eis Jongen 2 Wochen Paus, ier et den 4. November zu Esch geint d'US Esch geet, wei emmer um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Hubert (72.Schuster), Dias D., Weidert, Petry - Gansen, Lacroix (77.Wagner), Sequeiros (40. Frank), Speltz, Guth (C) - Klein

 

Réserve: Dos Santos, Frank, Schuster, Wagner, Dahm

 

Net dobäi: Albrecht, Schmit, Kaufmann, Thies, Scholtes, Hoffmann J., Dias F., Juncker.

Share |