Minimes goufen net belount fir hir gutt Leeschtung BERBOURG - MEDERNACH 0-1 (0-0)

BERBOURG - MEDERNACH 0-1 (0-0)

 

Am sëcherlech beschte Match vun der Saison huet eis Equipe onverdingt verluer géint e Géigner deen iwert de ganze Match zu ganz wéinege Chancen koum.

Nô ronn 15 Minutten huet eis Equipe de Match an d’Hand gehol an sollt Kontroll iwert d’Spill net méi verléieren. Schued as eben dat glaskloer Chancen, enger Séits op 11 Meter hin, an anerer Séits fréistehend 3 Meter virum Goal leider net konnte genotzt gin. Dô dernievt sin 3 bis 4 weider gudd erausgespillte Chancen net verwert gin.

 

Dir kennt all Sprachwuert am Fussball : wann ee seng Chancen net notzt, dann……..

 

Genau daat as kuerz viru Schluss agetratt an 3 Punkten sin mat op Miedernach gaangen.

 

Mir sollen de Kapp awer op kee Fall hänke loossen an Konzentratioun muss a Richtung nächste Géigner goën, deen Iechternach heecht.

 

Mat där gudder kämpferescher a spillerecher Leeschtung vun dësem Match an enger besserer Chanceverwertung missten mir déi 3 Punkten zu Berbeurg behaalen.

 

Equipe : Nick ASSEL – Damien STEFFES, Steven DOS SANTOS, Jérôme KRING, Sam WAINWRIGHT – Leandro LOPES, Amel DZOGOVIC- Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (Cap), Charel KREMER – Yannick SCHROEDER

 

Réserve : Sam KONSBRÜCK

 

 

 

 

Share |