Onglëcklech Néierlag fir eis Minimes Entente Colmarberg/Nommern – Berbourg 4-3 (1-1)

Entente Colmarberg/Nommern – Berbourg 4-3 (1-1)

 

Mat leider just 10 Mann huet eis Equipe missen zu Colmarierg untrieden an hätt duerch eng insgesamt gudd kämpferech Leeschtung sëcherlech 1 Punkt verdingt gehaat.

 

Et sollt awer anescht kommen, dëst opgrond vun individuelle Fehler an eiser Verteidegung, déi et onbedingt gëllt esou schnell wéi méiglech ofzestellen.

 

Wéi schon an de Matcher virdrunn, ass eist Spill no vir ganz gutt gewiecht an esou konnte mir 3x gléichzéien am Match. Den 1-1 ass duerch en direkt verwandelten Corner vum Glenn Artois gefall, den 2-2 duerch eng Eenzelaktioun vum Yannick Schroeder, an den 3-3 duerch de Charel Kremer, nodeem de Goalkipp vun der Heeméquipe de Ball net konnt festhalen.

Kuerz viru Schluss huet en ofgefälschtene Fréistouss vun der Heeméquipe eis Néierlag bruecht.

 

Et gëlt wieder ze schaffen um Training an d’Motivatioun nët ze verléieren : MIR PACKEN ET !

 

Equipe :

Nick ASSEL – Damien STEFFES, Jérôme KRING, Leandro LOPES, Sam WAINWRIGHT – Amel DZOGOVIC- Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (Cap), Charel KREMER – Yannick SCHROEDER

Share |