Den FC Berdenia kënnt rëm an Trëtt an iwwerrennt den FC Koeppchen mat 1-5 (1-2) zu Wuermer

FC Koeppchen Wormeldange - Berdenia Berbourg 1-5 (1-2)

 

No der kaaler Dusch, nët vum Schloreen, mee nom fréien 1-0 duerch d'Lokalequipe (2. Minutt, Kappball no Corner) hunn eis Jongen monter no fir gespillt an koumen vereenzelt zu gudden Aktiounen, déi awer an der Ufanksphase vum Match nach nët sollten belount ginn.

Sou war et réicht an der 39. Minutt, wou et déi 1. Kéier fir déi Orange gerabbelt huet. Den Manuel Kaufmann leet ee schnellen Konter an, spillt op den Dennis Gansen, dee setzt sech am Sprint iwert lénks duerch, leet zreck op den Pit Speltz, deen mat gudder Iwwersiicht direkt duerch den 16er op den fräien Serge Guth spillt. No enger Kierpertäuschung konnt den Guth dunn zum heichverdéngten 1-1 markéieren.

 

Just virun der Paus war et den David Klein, deen de Ball am Stroofraum behaapt, vu lénks oofzitt, an den 1-2 markéiert. De Keeper war nach drun, konnt den Aschlaag am Filet awer nët méi verhënneren.

 

No der Paus daat selwescht Bild: Berbuerg war beméiht schnell no fir ze spillen, an déi Wuermer sin haaptsächlech mat Standardsituatiounen virun eisen Goal komm. An der 62. Minutt haat de Speltz den 1-3 um Fouss, mee säi Schoss konnt vum Keeper oofgewiert gin.

 

An der 66. Minutt as et besser gaangen: Ee Fräistouss vu riets, ausgefouert vum Dennis Gansen, konnt den Klein per Kappball zum 1-3 markéieren. An der 70. Minutt konnt den Yves Bossers ee Fraistouss vun 16 Meter nach sou just entschärfen.

 

An der 82. Spillminutt gouf den frësch agewiesselten Christophe Frank wonnerbar an d'Déiwt ugespillt, an dhien konnt äiskaal, am 1 geint 1 géint de Wuermer Keeper zum 1-4 markéieren. 2 Minutten drop konnt de Frank nach een drop setzen, wei en no engem schnellen Ugrëff iwert den Speltz vum Gansen mustergülteg am Stroofraum bedengt gouf ,an dem Match den definitiven Deckel mat dem 1-5 dropgesaat huet.

 

Staark Leeschtung vun der ganzer Equipe, dei bewiesen huet, dat déi Defaiten aus den leschten Wochen nemmen een negativen Ausrutscher waren. Mat deem Asaatz an Bëss kann et dei nächst Wochen weider goën.

 

Nächsten Match as den Sonnden am Stade Rénert zu Berbuerg, wéi ëmmer um 16:00 Auer, géint den Opsteiger Titus Lamadelaine.

 

FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Dias D., Kaufmann - Guth (C, 71.Juncker), Lacroix (64.Wagner), Schmit, Speltz, Gansen - Klein (79.Frank)

 

Réserve: Hoffmann J., Wagner, Juncker, Frank, Sequeiros

 

Net dobäi: Dos Santos, Albrecht, Thies, Dias F., Schuster, Scholtes, Dahm, Hoffmann C.

Share |