Gléichspill fir eis Minimes BERBOURG- LAROCHETTE 3-3 (1-1)

BERBOURG- LAROCHETTE 3-3 (1-1)

 

Bei engem virverluechte Match vum 4. Spilldag koumen eis Minimes zu engem Remis, dëst no engem 1-3 Rëckstand.

Wéi schons esou oft, huet an deenen éichten 20 Minutten déi néideg Aggressivitéit respektiv d’Konzentratioun gefehlt esou dat mer no ronn 15 Minutten 0-1 hanne waren. Ouni ze iwerzeegen iwert déi ganz 1. Halbzeit konnte mir duerch e Goal vum Yannick SCHROEDER mat engem 1-1 an d’Paus goen.

 

D’Leeschtung gouf net besser nom Téi, de Géigner as spille geloos gin,n an esou stoung d‘Resultat  1-3 an der Mëtt vun der 2. Halbzäit.

 

Endlech! Jo endlech, nodeem mir alles op eng Kaart gesat hunn, andeem mer de Steven DOS SANTOS an de Stuerm geholl hun, huet eis Equipe sech gesteigert a wollt net als Verléirer vum Terrain goën. D‘Spill no vir besser gelaf a mir konnten no enger flotter Kombinatioun iwert de Steven an de Glenn duerch dee lecht genannten op 2-3 verkiirzen.

 

Kuerz nom Uschlossgoal huet de Charel KREMER op 3-3 gesat, dëst nodeem de Goalkipp aus der Fiels e Schoss vum Leandro Lopes net konnt festhalen.

 

An engem Match wou sëcher méi méiglech war,  sollte mer opgrond vum Verlaf vum Spill awer mat deem enge Punkt zefridde sin.

 

Equipe : Nick ASSEL - Steven DOS SANTOS - Damien STEFFES; Jérôme KRING; Sam WAINWRIGHT - Amel DZOGOVIC; Leandro LOPES - Jim SCHANEN; Glenn ARTOIS (cap); Charel KREMER - Yannick SCHROEDER

Share |