Jonglënster gewënnt knapp am rassegen Derby zu Berbourg mat 0-1 (0-0)

An engem intensiven Derby am Stade Rénert huet den FC Jeunesse Junglinster d'Iwwerhand behaal.

Berbuerg koum besser an den Match an haaten mat dem 1. Ugrëff ann der 1. Minutt direkt eng Grousschance. De Pit Wagner setzt sech formidabel am Mëttelfeld duerch, spillt den Ball lenks raus op den Dennis Gansen, deen den Ball an den Laaf vum David Klein an den 16er leet, deen awer leider net mei drunkennt.

 

No enger Véirelstonn koumen déi Lënster déi 1. Kéier geféierlech virun den Goal: No engem Fräistouss verfehlt den Kappball vum FC Jeunesse den Goal knapp. An der 20. Minutt een weideren Opreeger, wéi den Pit Wagner leng duerchgaangen ass,  an op 20 Meter getesselt gouf. Giel Kaart an Fräistouss waren d'Konsequenz.

 

Déi Lënster hunn haaptsächlech mat laange Päss agéiert ann op hier Fräistoussqualiteit gepocht, sou och wéi an der 31. Minutt de Ball knapp laanscht d'Geheis geet. Eng Minutt drop verfehlt dem Serge Thies säi Kappball no engem Corner den Goal nemmen knapp. Eng weider Grousschance haat den Daniel Dias an der 37., mee säi gudden Kappball get exzellent vum Lënster Schlussmann paréiert.

 

No der Paus hun dei Berbuerger den Drock weider héichgehaal: an der 58. Minutt geet den Gansen leng iwert lenks duerch, mee seng Flank geet an den Aus. 5 Minutten drop daat selwescht Bild, mee dës Kéier gët säi Schoss oofgewiert. An der 67. Minutt haat den FC Jeunesse zweemol d'Chance ze markéieren. Als Eischt paréiert den Yves Bossers ee Fräistouss knapp iwert d'Laat, dono een Volleyschoss nom Corner. E puer Minutten drop huet den Pit Speltz et per Lupfer probeiert (driwer), an der 78. Minutt war et dem Klein sain Kappball deen in extremis iwert Laat deeviéiert ginn ass. Kuerz drop sollt een Fräistouss vum Speltz op den Keeper goen, den direkten Geigenzuch war fatal: Lënster spillt schnell no fir, op hieren Stiermer, deen dem Bossers am 1 geint 1 keng Chance leisst an an dei Berbuerger Drangphase aiskaal zum 0-1 annetzt. Berbuerg huet sech net opgin, mee weder een weideren Fräistouss vum Speltz (92.) an een Noschoss, och vum Speltz no enger deviéierter Flank vum Pol Petry hun de Wee nët méi an den Goal fonnt.

 

Eis Jongen hun sech gudd rëmkaaft, konnten mat Asaatz an Wëllen d'Leit vun sech iwwerzeegen, a virun allem déi onnëtz Défaite géint Weiler kompenséieren. Leider treffen mer am Moment den Goal net, sou kennen mer eis gutt rausgespillten Aktiounen nët belounen.

Egal, et geet weider, a mat sou Leeschtungen kommen mer garantéiert zu Punkten.

 

En Sonnden as Paus am Championnat, do fueren mer am 3. Tour vun der Coupe op Beetebuerg. Gespillt get um 16:00 Auer.

 

FCBB: Bossers - Petry, Dias D., Schmit, Kaufmann (C) - Thies, Wagner, Speltz, Lacroix, Gansen - Klein

Réserve: Dos Santos, Hoffmann C., Frank, Dias F., Guth

Net dobai: Weidert, Albrecht, Juncker, Sequeiros, Hoffmann J., Hubert, Schuster, Scholtes, Dahm

Share |