Auswärtserfolleg fir d‘Minimes DARING ECHTERNACH - BERDENIA BERBOURG 2-7 (0-2)

Daring Echternach - Berdenia Berbourg 2-7 (0-2)

 

Eng déitlech Leechtungssteigerung vun all Eenzelnen huet zu deenen 3 éischte Punkte gefouert fir eis Minimes.

 

 

No e puer Emstellungen an der Equipe, virun allem mam Steven DOS SANTOS als ëmsichtege Libero an der Verteidegung stounge mer hannen vill besser.

 

En herrleche Fréisstouss vun ronn 20Meter vum Steven Dos Santos huet den 0-1 bruecht an eis eenzeg Stuermspëtz, de Yannick Schroeder huet kuerz drop op 0-2 gesat mat engem Schoss an de Wënkel.

 

Weider gudd Chancen fir mat méi engem kloere Virsprong an d’Paus ze goen fir eis Equipe bloufen awer leider ongenotzt.

 

Nom Téi huet et eng Zéit gedauert fir zum gudde Spillfloss vun der 1. Halbzeit zereckzefannen. Trotzdem konnte mir bannent enger Véierelstonn d’Resultat duerch Goler vum Yannick Schroeder an Leandro Lopes (2) op 0-5 schrauwen an et war kloer wien giff als Gewënner vum Terrain goen.

 

Schued war dat duerno d’Konzentratioun verluer gaangen as, an d’Heeméquipe konnt op 2-5 verkierzen. Dobéi siew nach gesot dat Iechternach en 11 Meter driwer geschoss huet an dat de Nick Assel e weideren Penalty gehalen huet.

 

Seng gudd Leeschtung huet eise Kapitän Glenn ARTOIS mat 2 perséinleche Goler ënnerstrach an domat stoung d’Endresultat vun 2-7 fest.

 

Am Résumé : genau mat där Erstellung an mat deem Wëllen heecht et déi nächste Matcher unzegoen an dann wärten weider positiv Resultater nokommen.

 

Equipe :

 

Nick ASSEL - Steven DOS SANTOS - Damien STEFFES ,Jérôme KRING ,Sam WAINWRIGHT - Leandro LOPES , Amel DZOGOVIC - Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel KREMER - Yannick SCHROEDER

 

 

Share |