Komplett onnéideg Néierlag fir eis Minimes zu Miedernach MEDERNACH - BERBOURG 4-3 (1-2)

MEDERNACH - BERBOURG 4-3 (1-2)

 

Katastrophalt Ofwierverhalen iwert de ganze Match hunn eis 3 Punkten kascht bei engem Géigner deen absolut ze schloen war.

 

 

 

Esou war et schons no ronn 5 Minutten wou et als éischt beim Nick Assel, deen de ganze Match iwer fehlerfräi war, gerabbelt huet.

 

No vir, ënnert dem Impuls vun Glenn Artois, Steven Dos Santos a Yannick Schroeder huet eis Equipe awer ganz korrekt gespillt a koum zu enger Rei gudde Chancen woubéi de Yannick Schroeder eng konnt notzen. Et stoung 1-1.

 

Kuerz virun der Paus krut eis Equipe e Corner zougesprach, deen den 2-1 Pausestand fir Berbuerg bruecht huet. Et war e Schoss vum Glenn Artois deen e Verteideger an d’eegent Netz weidergeleet huet.

 

Den Ufank vun deenen 2ten 30 Minutten war nët besser um Niveau vun eiser Verteidegung, esou dat de Géigner a relativ kuerzer Zéit 3x konnt marquéieren.

 

Chancen fir eis Equipe bloufen awer net aus, leider konnt jüst eng heivun genotzt gin duerch de Glenn Artois.

 

D’Endresultat mat 4-3 zu Gonschten vun der Heeméquipe stoung domat fest.

 

Equipe :

 

Nick ASSEL - Jérôme KRING ,Sam WAINWRIGHT, Leandro LOPES , Amel DZOGOVIC; Yannick SCHROEDER, Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel KREMER; Steven DOS SANTOS an Damien STEFFES

Share |