Kloer Néierlag fir eis Minimes um 1.Spilldag

BERBOURG – ENTENTE WORMELDANGE/CANACH/MENSDORF 0-6 (0-4)

 

Et war virum Match gewosst dat ët giff eng schwéier Saison ginn fir d’Minimes. Dat as dann och am 1. Match agetratt wou mir absolut ouni Chance waren géint d’Entente Wuermer/Kanech/Mënster.

D’Resultat huet dee kloeren Klassenënnerscheed gewisen. De Géigner deen technesch a kierperlech iwerleeë war, huet dat a Goaler emgesât. An der Halbzeit war de Match mat 0:4 schons gelaf.

 

Positiv zereckzebehalen waren déi zweet 30 Minuten, wou mer besser dogéint gehalen hunn. Heirop sollte mer obbauen an de Kapp net hänke loossen.

 

Equipe :

Nick ASSEL - Jérôme KRING , Sam WAINWRIGHT, Leandro LOPES , Amel DZOGOVIC, Yannick SCHROEDER, Jim SCHANEN, Glenn ARTOIS (C), Charel KREMER, Steven DOS SANTOS an Damien STEFFES

Share |