Den FC Berdenia verléiert den 1. Match an der Saison, onglécklech an onverdéngt mat 1-2 (0-1)

Géint den FC Munsbach verléieren eis Jongen zimmlech iwwerraschend, nodeems sie de ganze Match dréckend iwwerleeën waren.

Déi 1.Chance vum Match haat den David Klein, wéi hien wonnerbar duerch eng schéi Kombinatioun vum Dennis Gansen a Pit Speltz an Szene gesaat ginn ass, mee säi Schossversuch gouf oofgeblockt. An der 9. Minutt konnt den FC Munsbach den 0-1 mat hierer 1.Geleeënheet markéieren, dat Ganzt befierdeelegt duerch eng Onopmierksaamkeet an eiser Defense.

 

Dé Berbuerger waren e bessen geschockt an koumen nëmmen lues zréck an de Match. An der 21. Minutt rëm ee Liewenszeechen, mee dem Serge Thies säi Schoss am 16er war ze schwaach. Chancen goufen et dunn rëm méi ze verzeechnen, mee insgesamt waren mer ze hektesch an ze onpräzis an eisen deelweis herrlech erausgespillten Aktiounen (23. David Klein, 29.+40. Daniel Dias, 31. Dennis Gansen). Eenzeg weider Munsbacher Chance an der 1.Halschent haaten se an der 43. Minutt weu den Nelly dos Santos an eisem Goal een Kappball no engem Corner entschärfen konnt.

 

No der Paus hunn déi Berbuerger den Drock weider héich gehaal. Et war awer den FCM deen déi 1. richteg geféierlech Geleeënheet haat, mee den Dos Santos am Goal konnt eng 1 géint 1 Situatioun entschärfen. No där Aktioun waren et nëmmen nach déi Orange déi nô fir gespillt hunn: An der 61. Minutt verpasst den Dias Filipe den 1-1 mee den Mensbecher Keeper degagéiert de Ball. 5 Minutten drop deviéiert ee Mënsbëcher Verteideger eng Schuster-Flank per Kappball op d'Laat. An der 68. Minutt erléist eis de Pit Speltz, wéi en no engem Corner aus 18 Meter per Volley zum 1-1 trëfft. An der 75. Minutt trefft den Klein just d'Aussennetz an eng Minutt drop get ee Lupfer vum Juncker iwert den Keeper nach an leschter Sekonn virum aschossbereeten Klein oofgeblockt. An der 84. Minutt war ët de Gansen dee sech am 16er duerchsetzt, mee säi Schoss geet leider op den Keeper. Dëst sollt och seng läscht Aktioun bleiwen. 1 Minutt drop flitt en weinst enger onnéideger Aussô vis-à-vis vum Arbitter mat rout vum Terrain.

 

Kuerz drop haaten mer awer eng weider Chance, mee den Klein verpasst den Goal aus spatzem Wenkel. An der 88. Minutt war ët dunn och Feierowend fir een Mënsbëcher, dee mat giel-rout vum Terrain geflunn as. An der 92. Minutt konnten déi Mënsbëcher nach eng Keier konteren, mee den Dos Santos konnt eng weider 1 geint 1 Situatioun entschärfen.

 

D'Bestroofung fir eis Jongen sollt awer nach kommen: Bei engem Fräistouss fir Munsbach an der 94. Minutt gouf den Match kuerz duerch ee minablen Zwëschenfall ënnerbrach. Dëse Fräistouss sollt dunn awer an der 95. Minutt eisen Genéckbroch sinn, well ¨déi Mensbecher konnten zum 1-2 markéieren.

 

Ee ganzen Match dominéieren an sech eng Goalchance no där aanerer rausspillen heescht nach laang nët, dat een 3 Punkten am Gepäck huet. Dëst war eis eng deier a batter Lektioun.

 

Lo geet et ganz einfach drëm, dësen Ausrutscher guttzemaachen an zwar den Sonnden geint d'Yellow Boys vun Weiler.

 

OPGEPASST: Den Match get um 2. Terrain zu HESPER gespillt.

 

FCBB: Dos Santos - Petry (75.Hubert), Weidert, Schmit, Kaufmann (C) - Thies (67. Juncker), Speltz, Dias D., Gansen - Klein, Dias F.(61. Schuster)

Réserve: Bossers, Schuster, Juncker, Hubert, Sequeiros

 

Nët dobäi: Lacroix, Albrecht, Guth, Hoffmann J., Frank, Wagner, Scholtes Dahm

Share |