Berbuerg murkst sech zu engem 1-1 (0-0) zu Itzeg

 

Bei dem nach ongeschloënen Opsteiger vun Itzeg kommen eis Jongen an engem relativ schwaachen Match zu engem am Endeffekt gerechten 1-1.

 

De bessere Start haaten déi Itzeger, wéi së an der 18. Minutt zu enger grousser Chance koumen, mee den Itzeger Spiller konnt fräistehend per Kappball nët markéieren. An der 22. Minutt dat selwescht Bild, mee den Kappball touchéiert just d'Laat.

 

Eischt Liewenszeechen vum FC Berdenia an der 23. wei den Filipe Dias per Fallrückzieher säin Gléck versicht huet, mee den Ball geet derlaanscht. 2 Wäitschoss konnten mer nach verzeechnen mee dem Daniel Dias säin an der 34. an dem David Klein säin Versuch an der 39. Minutt waren ze schwaach. Kuerz virun der Paus rëm déi Itzeger: Den Yves Bossers am Goal paréiert nach een Wäitschoss, den Noschoss vun Itzeg geet wäit driwer.

 

No der Paus hun dei Itzeger baal selwer fir den Berbuerger Goal gesuergt: Eng Réckpass vum Itzeger Verteideger leeft laanscht den Keeper an leider och knapp laanscht den Goal. An der 60. Minutt genau emgedréit. Den Tom Schmit degagéiert de Ball an déi falsch Richtung, iweert den Bossers, deen rauskomm ass zum 1-0 fir déi Blo/Waiss.

 

Dono sinn eis Jongen endlech erwächt an hun ugefaangen vill Drock opzebauen. Grousschance an der 68. wéi den Dennis Gansen op den Dias flankt, deem säi Kappball knapp driwer geet. Itzeg huet just nach gekontert an koum an der 80. an 81. Minutt ze gudden Geleenheeten am 1 geint 1 geint den Bossers am Goal mee den 1. Versuch geet derlaanscht an deen 2. get vum Bossers entschärft. An der 84. Minutt suergt den David Klein no enger Flank fir deen mëttlerweil verdéngten 1-1.

 

Dono hun dei Berbuerger op den 2-1 gedrängt a koumen zu weideren gudden Geleeënheeten duerch den Dias Filipe, David Klein an Weidert Charel, mee den Ball wollt net méi ragoën. Sou ass et béim 1-1 bliwwen.

 

Schued, dass mer nët méi un déi Leeschtung vun der läschter Woch erukoumen, mee mir sinn weiderhin ongeschloën a gutt ënnerwee. Lo gelt et den Sonnden um 16:00 doheem géint den FC Munsbach ët besser ze maachen. Desweideren geet de Championnat och béi de Reserven lass, och géint den FC Munsbach an daat en Freiden um 19:30 am Stade Rénert.

 

FCBB: Bossers - Petry, Schmit, Weidert, Hubert (70. Juncker) - Gansen, Lacroix (78. Thies), Dias D. (65. Speltz), Kaufmann (C) - Dias F., Klein

 

Réserve: Dos Santos, Speltz, Juncker, Thies, Guth

 

Net dobäi: Albrecht, Hoffmann J., Hoffmann C., Wagner, Scholtes, Frank, Dahm, Sequeiros, Schuster

 

Share |