Berbourg gewënnt héichverdengt géint den Avenir Beggen mat 2-1 (1-0)

 
Bai fräiem Entrée, virun ganz villen Supporteren hunn eis Jongen den 2. Match an der nach jonker Saison am Stade Rénert gewonn.
 

 

1. Chance vum Match haaten dei Berbuerger, wei an der 5. Minutt een Wäitschoss vum Dennis Gansen knapp derlaanscht goung. E puer Minuten drop koumen dei Beggener zu hierer éischter Chance, mee een Waitschoss konnt den Yves Bossers secher haalen. An der 25. Minutt haat den Pol Petry den 1-0 um Fouss leien, mee hien verzitt an trefft den Goal net. Besser as et an der 34. Minutt gaangen, wei den Filipe Dias wäit op den Dennis Gansen flankt, deen den Ball schaarf ran gett an den Steve Lacroix um 2. Potto zum verdengten 1-0 trefft. Berbourg as weider um Ball bliwwen an koum duerch eng gudd Kappballgelejenheet duerch den Gansen (43.Min) an een Schoss vum Daniel Dias (44.Min) nach zu weideren Chancen. Doriwwer raus hunn eis Jongen 2 weider Goaler geschoss, mee dei goufen allen 2 wéinst Abseits respektiv Handspill annuléiert.
 
2. Halschent daat selwescht Bild: Berbourg was spillbestemmend. Beggen huet sech mat engem gudden Volleyschoss zreckgemellt, mee den Yves Bossers konnt den Ball an der 48. Minutt ouni Méih haalen. An der 63. Minutt konnt hien eng 1 geint 1 Situatioun an läschter Sekonn entschärfen. Op der aanerer Säit kroopt sech den Beggener Keeper dem Filipe Dias den Ball vum Fouss, deen ze laang mam Oofschloss gezeckt huet. An der 70. Minutt haaten mir d'Chance alles kloer ze maachen: den Dias Felipe préift den Beggener Keeper eng weider Keier, deen leisst den Ball säitlech oofklatschen an dem angewiesselten Serge Thies säin Noschoss gouf in extremis oofgeblockt. An der 74. Minutt eng weider Grousschance: Den Pol Petry spillt den Serge Thies am 16er un, deen den Oofschloss sicht an den Goal em Millimeter verfeelt. D'Wiichtelcher haaten Chance, wei eis Jongen an der 79. Minutt eng weider Duebelchance net verwerten konnten: dem Serge Thies sain Schoss gett nach vum Keeper gehaal an den Filipe Dias sain Noschoss geet wäit driwwer.
 
An wei et alt ëmmer am Fussball geet, gouf mangelnd Chanceverwertung bestrooft, wei dei Beggener an der 80. Minutt een Eleffmeter no engem Foul vum Tom Schmit zougesprach kruuten. Deen gouf och souverän verwandelt.
 
All eis Bemeihungen goufen schlussendlech awer nach belount, wei den agewiesselten David Schuster bei engem Konter den Dennis Gansen an Szene setzt, deen den 2:1 geint 2 Geigenspiller markeiert.
 
Een gelongenen Optakt an dei nei Saison. 2 Matcher, 6 Punkten, waat well een mei?!
Nächsten Weekend geet et auswärts bei den Opsteiger op Itzeg. Weider sou Jongen !!!
 
FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Schmit, Kaufmann (C) - Gansen, Dias D., Lacroix (76. Sequeiros), Juncker (63. Thies) - Dias F. (81. Schuster), Klein
Réserve: Dos Santos, Thies, Sequeiros, Schuster, Scholtes
 
Net am Kader: Hoffmann J., Speltz, Hubert, Albrecht, Wagner, Guth, Hoffmann C., Frank, Dahm 

 

 

 

 

Share |