Den FC Berdenia sëchert sëch 3 Punkten zum Optakt beim Daring Echternach mat 1-3 (0-0)

An der ganzer éischter Halschtent gouf ët op beiden Säiten keng richteg Goalchancen. Béid Equipen hun sech wäitestgehend am Mëttelfeld neutraliséiert.

Mei schwongvoll as ët dann an der 2. Halschent weidergaang: Den Steve Lacroix huet an der 48. per Wäitschoss daat eischt Zeechen gesaat. An der 52. Minutt konnten dei Iechternacher dunn awer iwwerraschend den 1-0 markéieren wéi se vun enger Onobmierksamkeet vun eiser Verteidegung profitéiert an den Daring-Stiermer um 2. Potto frai zum Oofschloss koum.

 

Berbuerg war awer nët weider geschockt an huet weider no fir gespillt. An der 55. Minutt goufen mer duerch een Eelëfmeter belount, nodeems den David Klein hefteg oofgegrätscht gouf. Den Daniel Dias huet sech net bieden geloos, an dreschen zum 1-1 ragesaat.

Duerno goufen et klenger Chancen op beiden Säiten, ouni awer wierklech fir richteg Gefor ze suergen.

An der 78.Minutt hunn déi Berbuerger duerch den Charel Weidert an den Steve Lacroix gudd kombineiert, mee dem Lacroix säi Schoss war ze schwaach. Greissten Chance am Match haaten mer an der 80. Minutt, wei den David Klein am 5-Meterraum fräi eng Flank net verwerten konnt. 2 Minutten drop war et rëm den David Klein deen am Mettelpunkt stung, wei en alt rëm eng Keier rabiat am 16er gefoult gouf an der Arbitesch näischt aaneschtes iwwreg bliwwen ass, fir eng weider Keier op den Punkt ze weisen. Daniel Dias fir d'zweet, 2-1 Berbuerg nodeems den Dias den Ball riicht an d'Kraiz geknuppt huet.

Geféierlech goufen dei Iechternacher eng läschten Keier an der 85. Minutt, wei een Fräistouss den Goal nemmen knapp verfehlt huet.

An der 90. Minutt hun eis Jongen dunn fir d'Entscheedung gesuecht: Den agewiesselten David Schuster spillt schnell op den Dennis Gansen, dee spillt queesch duerch den Stroofraum a fennt do den David Klein, deen zum 3-1 annetzt.

 

Et gët nach vill Loft no uewen, mee den eischten Dräier ass eis secher. Lo geet et drëm, konzentreiert weider ze schaffen, well dei nächst Woch hun mer den Avenir Beggen am Stade Rénert op Besuch. Gespillt gët, wei ëmmer, um 16:00 Auer.

 

Traureg nach dëst um Rand: Wann den Heemveräin dem Gaascht, no e puer Fläschen Waasser beim Waarmmaachen, sämtlech weidert Gedrenks nach virum Match verweigert, as daat méi wéi traureg an trëppelt den Fair-Play an den Respekt mat Feiss. Mee Gottseidank sin d'Tankstellen jo och Sonndes op.

 

FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Schmit, Kaufmann (C) - Gansen, Dias D., Lacroix, Juncker - Klein, Dias F.

Réserve: Dos Santos, Thies, Sequeiros, Schuster, Scholtes

Net dobäi: Albrecht, Hoffmann J., Hubert, Speltz, Wagner (all verletzt), Guth, Hoffmann C., Frank (Vakanz), Dahm

 

Share |