Transfertsiwwersicht fir déi nei Saison 2012/2013

D'Transferten vum FC Berdenia Berbourg sinn elo defintif ofgeschloss, mir denken dat mir eis gutt verstäerkt hunn, an dat mier der neier Saison kënnen optimistesch an d'Aën kucken. Eng ganz Réih Frëndschafts- an Trainingsspiller si gepangt, méi dovunner geschwënn op eisem Site. Hei awer elo d'Iwwersicht vun allen Transferten, déi am Hibleck op déi nei Saison gemach ginn.

 

.

Filipe DIAS:

 

Den Filipe ass Stiermer, 24 Joer an huet bis elo haaptsächlech fir den Daring Echternach an der 1. Divisioun an an der Eirepromotioun gespillt. Desweideren ass hien eng Saison fir Victoria Rosport an der Nationaldivisioun op Goaljuegd gaangen.

 

Joël HOFFMANN:

 

Den Joël Hoffmann huet 20 Joer an kënnt vum FC Victoria Rosport. Hien ass een talentéierten Goalkeeper, deen säi Köennen schon des öfteren an der Eirepromotioun ënner Beweis stellen konnt. Op där Positioun ass ët esou, dass eisen Stammkeeper, den Yves Bossers aus erfreelëchen, familiären Grënn ab der neier Saison e bessi méi lues wëll trëppelen, an doduerch eng Plaatz nei ze besetzen war.

 

Nelly DOS SANTOS:

 

Den Nelly Dos Santos huet sëch entschloss  een definitiven Transfert bei eis ze maachen. Ob de Nelly war als Goalkeeper an der 1. sou wei och an der 2. Equipe steets Verlooss, an duerch säin sympathescht Optrieden huet hien sëch a deene puer Méint zu Berbuerg schon super ageliewt.

 

Pit WAGNER:

 

De Pit as een 19-jähregen dribbelstaarken an schnellen Mëttelfeldspiller. Nô e puer Joer beim CS Grevenmacher, dréit den gebiertegen Biwer elo d'Faarwen vum FC Berdenia.

 

Tom HUBERT:

 

Mam Tom ass ët eis gelong, ee routinéierten Spiller ze verpflichten, dien op verschidden Plaatzen am Mëttelfeld an an  der Ofwier kann agesaat gin. Hien huet seng ganz Carrière mam FC Marisca Miersch an der 1. Divisioun gespillt, mat Ausnahm vun engem 2-jähregen Intermezzo, wou hien bei den FC Ierpeldëng 72 an d'Eirenpromotioun gewiesselt war.

 

Pit SPELTZ:

 

Mat sengen 27 Joer bréngt de Pit schon eng ganz grouss Portioun Erfahrung aus Matcher an der Eirepromotioun an der 1. Divisioun mat. Säin Asatzgebiet ass zentral Mëttelfeld souwéi déi béid Couloiren.

 

 

Desweideren iwwerhëllt den Yves BOSSERS den Training vun eisen Keeperen an den Laurent FRANCOIS (Victoria Rosport II) souwei den Pit SEYLER (nei Lizenz, ex. US BC01) verstärken den Kader vun eiser 2. Equipe.

 

De Gilles BECKER mëcht een Ausfluch bei den FC Syra Mensdorf, wou en 1 Joer laang dei 2. Equipe verstärkt. Dem Comité bleiwt den Gilles awer voll an ganz erhaal. De Jacques JANNSSEN mëcht och en transfert temporaire bäi den FC Jeunesse Biwer wou hien an der 2.Equipe wäert spillen.

 

Deenen 2 wënschen mer natierlech all Guddes an vill Erfolleg bäi hieren neien Herausfuerderungen.

Share |