Nôm Opstieg am 1. Tour, eng gutt 3. Plaatz am Schlussklassement fir d’Minimes

Berdenia Berbourg – Entente Berdorf/Consdorf/Christnach 6-3 (1-1)

 

Opgrond vu 4 Äusfäll vu Spiller aus der Verteidegung huet missen am lëschte Match géint BC01/Krëschtnech vill improviséiert ginn.

Déi 1. Halbzeit war vléicht och dofir vun eiser Säit net wéi se soll. E proppere Spillfloss, mat Ausnahm vum 1-0, wollt einfach nët gelengen. Mat engem Gläichspill, dëst duerch e Goal vum Gaascht no engem Korner just virum Téi, sollt ët an d’Paus goën.

Déi zweet 30 Minutten ass deelweis ganz gutt kombinéiert ginn, an deementspriechend sin och 3 ganz flott erausgespillte Goaler gefall. Doniewt waren et och nach zwee ganz schéin Wäitschéiss déi fir e verdingtene Succès vun eise Jongen gesuergt hun.

 

Fir eis Equipe hu markéiert :

 

Steven DOS SANTOS 2

Leandro LOPES 2

Charel KREMER 1

Nicolas OSWALD 1

 

Equipe : Bob SCHRANTZ (cap.)- Jérôme KRING, Rune SÖRENSEN , Leandro LOPES - Asbjorn SÖRENSEN, Charel KREMER - Yannick SCHROEDER - Glenn ARTOIS, Steven DOS SANTOS - Nicolas OSWALD, Jo PITZEN

 

Reserve : Nick ASSEL (Goal), Damien STEFFES an Amel DZOGOVIC

 

E spannenden a flotte Championnat as elo zu Enn bei de Minimes.

 

D’nächst Saison ginn eng Reih Spiller erop an d’Scolairen, sie kréien en âneren Trainer an ech wënschen hinnen all Guddes op hierem weidere Wee. 

Dës Jongen spillen d'nächst Jâr nët méi Minimes zu Berbuerg.

 

De Nicolas Oswald, de Serge Kinnen (feelt op der Photo), de Jo Pitzen, den Asbjörn Sorensen, an de Rune Sörensen ginn an d'Scolaires vun der Entente USBC01/ Christnach/Berbourg.

 

De Cyrille Nickels (feelt op der Photo) mëcht en transfert temporaire bäi de CS Grevenmacher.

 

De Bob Schrantz mëcht en transfert temporaire bäi d'Jeunesse Biwer.

Share |