Kings of Penalty 2012 war e Mega-Succès

D'Editioun 2012 vum Eelëfmetertournoi war e Riesenerfolleg. 67 Equipen mat 402 Spiller a ganz vill Zuschauer hunn derfir gesuergt dat iwwer 700 Léit am Stade Renert e super Dag ronderëm de Football haten. D'Stëmmung op deenen 2 Terraiën war rieseg, et ass vill gelacht a gefeiert ginn, an de Public-Viewing vun deene 2 Matcher vunn der EURO 2012 hunn dee flotten Dag ofgeschloss.

 

De Comité vum Berdenia Berbourg seet allen Equipen, de Sponsoren, deene Léit déi gehollef hunn, an dem Penaltys-Comité e groussen Merci, fir dat schéint Fest.

 

E klengen Reportage op RTL kënnt Dir ënnert dësem Link fannen:

 

http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20120609/0/63981/

 

Ganz vill Photoën vum Kings of Penalty, sinn op eisem Site ze fannen ënnert:

 

http://www.berdenia.eu/kings-of-penalty-2012/photos-2012/

 

 

 

 

 

Share |