Knapp Néierlag fir eis Minimes am Spëtzematch

ENTENTE MUNSBACH/MOUTFORT - BERBOURG 1-0 (1-0)

An engem Match wou fir déi 2 Equipen den Opstieg méiglech war, gouf et e knappen Erfolleg fir d’Heeméquipe.

Et war e Match mat wéineg Goalchancen andeem eis Equipe méi Ballbesetz hat, mee eigentlech während dem ganze Match keng kloer erausgespillte Goalchance opzeweisen hat.

Deen een oder aner Wäitschoss war net geféierlech genuch oder si hunn d’Ziel verfehlt. De Mënsbecher hunn nô 20 Minuten de Goal vum Dag geschoss an hun duerch hir gudd Verteidegung néicht méi ubrenne gelooss an deenen zweeten 30 Minuten.

 

Et kann een eiser Equipe secher net de Virworf maachen et net probéiert ze hun mee et sollt einfach et sin.

 

D’Heeméquipe konnt also nom Ofpëff den Opstieg feieren ! Heizou eis härzlech Gratulatioun !

Elo gëlt et fir eis, déi sëcherlech spannenste Saison aus all de vergaangene Joeren positiv ofzeschléissen, doheem géint de BC01 den nächsten Denschdeg um 17:30 Auer.

 

Equipe : Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING, Cyrille NICKELS (cap.), Serge KINNEN - Asbjorn SÖRESNSEN, Leandro LOPES - Nicolas OSWALD, Glenn ARTOIS, Rune SÖRENSEN - Yannick SCHROEDER, Jo PITZEN.

Reserve : Damien STEFFES a Sam WAINWRIGHT

Share |