E Wuert vum Präsident

Moien Männer, hallo Mädels, hallo Jungs,

 

Eng laaang an intensiv Saison ass letzten Sonndeg op en Enn gang!

 

En décken Merci u meng Comitéskollegen fir hieren onermiddlechen Asaatz am Sënn vun eisem Veräin. Och en decken Merci un de Ren an de Germain, die mat hirem Grupp eis Erwaardungen komplett erfëllt hunn. Elo gëllt ët sech gutt ze erhuelen, fir die nächst Saison mat diem selwechten Elan unzegoën, well et gët net méi einfach.

 

Eis Transfertkommisioun ass nach um schaffen, an mir wäerten eis och nach gezielt verstärken, éischt Resultater sin jo schons acquis wie Dir wësst.

 

Eng kleng Feier fir den Seniorberäich ass an der Maach, wann ët esouwäit ass, kritt Dir ët matgedéelt.

 

E Kompliment och un eis Jugendtrainer Alain, Guy, Charel, Tom a Serge, die hir Saach tiptop machen, souwie dem Daniel mat senger Equipe am Jugendberäich.

 

En speziellen Dank geet un de Marc,de Bob a säi Carole, fir die flott Gestaltung vun eisem Internetsite.

 

E groussen Merci och all eise Supporter, Vipen an Sponsoren, ouni déi esou Resultater net méiglech wieren:  1.2.3.4. am Championnat geklappt, an am ganzen Joër geint kee Géigner zwéemol verluer, all Respekt!

 

Mir gesin eis spéitesten Alleguer um Penalty den 08.06. an 09.06. erëm, wou och schons am Virfeld e Kompliment ufällt fir déi gutt Viraarbecht die d'Jongen geléscht hunn.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

Marc Kubica

President

Share |