Déi 1.Transferten fir d'Saison 2012/2013

Nodeems mir eis Saison erfollegräich op en Enn bruecht hunn, probéiert den Veräin seng éischt Equipe mat gezielten Neizougäng fir dei nächst Saison ze verstärken. Mat dësen 3 Spiller si mir eis schons eens ginn.

 

Filipe DIAS:

 

Als éischten Neien freeë mir eis, den Filipe Dias bei eis am Veräin ze begréissen. Den Filipe ass Stiermer, 24 Joer an huet bis elo haaptsächlech fir den Daring Echternach an der 1. Divisioun an an der Eirepromotioun gespillt. Desweideren ass hien eng Saison fir Victoria Rosport an der Nationaldivisioun op Goaljuegd gaangen.

 

Joël Hoffmann:

 

Deen zweeten neien Spiller ass den Joël Hoffmann, 20 Joer vum FC Victoria Rosport. De Joël ass een talenteierten Goalkeeper, deen säi Können schon des öfteren an der Eirepromotioun ënner Beweis stelle konnt. Op där Positioun ass ët esou, dass eisen Stammkeeper, den Yves Bossers aus erfreelëchen, familiären Grënn ab der neier Saison e bessi mei lues wëll trëppelen, an doduerch eng Plaatz nei ze besetzen war. Dem Marion an dem Yves wënschen mir op dësem Wee alles Guddes fir d'Zukunft an dat se eisem Veräin nach laang verbonnen bleiwen.

 

Nelly Dos Santos:

 

Ganz frou si mir als Veräin och, dat den Nelly Dos Santos sëch entschloss huet een definitiven Transfert bei eis ze maachen. Ob hien war als Goalkeeper an der 1. sou wei och an der 2. Equipe steets Verloss an duerch säin sympathescht Optrieden huet hien sech a senge puer Méint zu Berbuerg schon super ageliewt.

Share |