Minimes machen eppes fir d‘Goalverhältnis

ENTENTE LINTGEN/LORENTZWEILER - BERBOURG 0-7 (0-5 )

 

Eis Equipe huet vun Ufank un vum Match néischt ubrenne gelooss an nô knapp 10 Minutten stoung et schons 3-0. Bis d’Pause sollten nach 2 weider Goaler dobäikommen an de Match war gelaf.

An deenen zweeten 30 Minutten as vill gewiesselt ginn fir Spiller op ânere Positiounen ze testen an och fir Jongen spillen ze loossen wou soss net esouvill zum Asatz kommen. No 60 Minutten stoung et 7-0 woubäi nach e verschossenen 11-Meter vun eiser Equipe respektiv e Schoss ënnert Laat hätte kéinten dobäikommen.

Alles an allem eng kloer a verdingte Victoire géint en ersatzgeschwächte Géigner dee wäert mussen de Wee an d‘5. Classe untrieden.

 

Bei deenen aner 5 Equipen ass nô uewen an awer och no ënnen alles méiglech, an dat sollte mir eis voll bewosst sin an den 3 Matcher wou nach ausstinn.

Also : eis momentan gudd 2. Tabelleplaz heecht guer néicht !!!

 

DGoaler hu geschoss :

 

Rune SÖRENSEN 3

Asbjorn SORENSEN 2

Steven DOS SANTOS an Cyrille NICKELS

 

Equipe : Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING , Cyrille NICKELS (Cap.) Sam KONSBRÜCK, - Leandro LOPES, Asbjorn SORENSEN - Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Steven DOS SANTOS - Rune Sörensen an Nicolas OSWALD

Réserve : Serge KINNNEN, Charel KREMER, Jo PITZEN, an Damien STEFFES

Share |