Berbourg I deklasséiert den Tabellenveierten Bieles mat 5-2 (3-1)

Am leschten Heemmatch vun der Saison gewennt den FC Berdenia Berbourg méi wéi verdengt göint Belvaux The Belval am Stade Rénert.

 

Nôm séieren 0-1 vun den Bieleser an der 4.Minutt wou eis Defense geschloof huet, koumen eis Jongen an der 6. Minutt zum Ausgläich. Vum Potto prallt den Ball zreck, wou den David Klein per Volley konnt wonnerbar ofschléissen.

 

Dei Berbuerger hun weider drockvoll no fir gespillt an konnten an der 14. Minutt op 2-1 erhéigen. No engem Corner war et de Charel "Hächsler" Weidert, deen mat sengem drockvollen Kappball dem Bieleser Keeper keng Chance gelooss huet. 2 Minutten drop as den 3-1 gefall: Den Dennis Gansen flankt herrlech ran an den David Klein konnt per Kappball zum 3-1 treffen.Dono as den Match verflaacht, vereenzelt Aktiounen goufen et awer nach op béid Säiten, mee et sollt mam 3-1 an d'Paus goen.

 

Nom Pausentei hun dei Berbuerger weider gedreckt, mee konnten hier deelweis schein rausgespillten Offensivaktiounen net oofschleissen. Sou waren et déi Bieleser, dei op 3-2 verkierzen konnten. An der 59.Minutt huet den Yves Bossers ee Ball ze kuerz oofgewiert an den Bieleser Spiller scheisst den Ball äiskaal an den Wenkel. Eng weider gudd Chance konnt den Bossers an der 64. Minutt entschärfen. An der 87. mecht Berbuerg den Deckel zou: nodeems den Gansen just d'Laat getraff huet, kennt den Ball iwwert den Yves Dahm op den Berni Sequeiros, deen den 4-2 markeiert. An der Nospillzäit kröint den Gansen seng gutt Leeschtung mam 5-2, wéi en eng Flank vum Dockendorf per Volley-Schoss raschéisst.

 

Och wann et an desem Match em net mei vill gaang as, hun eis Jongen eng wonnerbar Woch erfollegraich oofgeschloss. Mat 36 Punkten as d'Ziel fir dës Saison méi wéi erfëllt. Gratulatioun!

 

Den Sonnden geet et op Waasserbelleg, zum läschten Match fir dës Saison. Gespillt get um 16:00 Auer. Kommt all dohinner, an ënnerstëtzt eis Jongen eng läschten Keier dës Saison!

 

FCBB- Bossers - Kaufmann (Dockendorf), Weidert, Schmit, Petry P. - Guth (C), Lacroix (Sequeiros), Albrecht, Thies (Dahm) - Gansen, Klein

Réserve: Dockendorf, Sequeiros, Dahm, Schuster, Scholtes

Net dobäi: Dias, Frank, Juncker, Oswald, Hoffmann

Share |