Berbourg I kontert den Leader aus a wënnt 3-1 (1-0) zu Sandweiler

 

Iwwerraschend, mä vollends iwwerzeegend retten sech eis Jongen duerch eng kämpferesch an disziplinéiert Leeschtung beim souveränen Opsteiger.

Virum Match gouf et nach een traditionellen Geste: D'Equipe vun Berbuerg iwwerreecht der US Sandweiler eng flott Corbeille, fir hinnen sou zum Opstieg ze gratuléieren. Vun Ufank un waren déi Sandweiler spillbestëmmend, koumen awer net wierklech zum Ofschloss.

Berbuerg dogéint ass ëmmer rëm duerch geféierlech Virsteiss virun den Goal komm (12. Minutt David Klein, 15. Michel Juncker, 16. Christian Albrecht). An der 17. sollt et fir d'éischt rabbelen. Ee Kappball vum Christian Albrecht an den laangen Eck hoppelt zum 1-0 an den Goal, ouni dass nach een drukomm ass.

Dono sinn déi Sandweiler erwächt an hunn den Drock sichtlech erhéicht an koumen geféierlech no fir. Eng schéin Kombinatioun gëtt an der 25. Minutt vum Yves Bossers am Goal entschäerft an 1 Minutt drop kritt d'US, berechtegt, wéinst Foulspill, een Goal net unerkannt. 3 weider Offensivaktiounen konnten net zum Ausgläich oofgeschloss ginn (31., 36. an 43. Minutt) an sou ass et mat der Féierung fir déi Orange an d'Paus gaang.

An der 2. Halschent dat selwecht Bild. Sandweiler. spillbestemmend an permanent geféierlech, lafen sech ëmmer rëm un eiser gutt gestaffelter Defense fest. Doriwwer raus, ass an der 60. Minutt een Sandweiler Spiller wéinst Meckeren vum Terrain geflunn. Déi Sandweiler hunn awer onbeandrockt weider Drock gemaach an koumen an der 65. Minutt zu hirer bis dato beschter Chance, wei een Kappball géint den Laf vum Bossers ganz knapp iwwert d'Lat gaangen ass.An der 74. Minutt haten mer nach eng Kéier Chance, wei een Goalschoss op der Linn gerett ginn ass.

Den Ball sprengt bei den Charel Weidert, deen iwwert den hallwen Terrain marschéiert an am 16er den Ball riwwer op den David Klein leet, deen aiskaal zum 2-0 fir Berbuerg markéiert. Sandweiler konnt awer quasi direkt äntwerten an schléissen an der 77. Minutt zum 2-1 of. Déi Berbuerger hunn versicht hannen zouzemaueren an Sandweiler huet alles no fir gehait.

Sou koum et an der 88. Minutt zu engem weideren Konter, wei den Manuel Kaufmann 1 géint 1 an den Strofraum zitt an op den Goal scheisst. Den Keeper kann den Ball net entscheedent genuch oofwieren an den agewiesselten Christophe Frank kann zum erleisenden 3-1 rasetzen. Dei Sandweiler koumen nach zu enger leschter Chance, mee den Weidert konnt op der Linn retten. No 93 Minutten koum dunn den sehnlechst erwaartenen Schlusspeff.

 

Waat soll een soen? Mei schein kann een sech zum Schluss vun der Saison net retten, wei mat 6 Punkten geint den 1. an den 2. an der Tabell. Eisen Jongen een groussen Merci an ee RIESEN-Kompliment fir daat waat se dei läscht 2 Matcher oofgeruff hun. Lo kennen mer berouegt an ouni greisseren Drock eis Saison ausklengen loossen.

 

Den Sonnden, 13. Mee hun mer den läschten Heemmatch am Stade Rénert an daat um 16:00 Auer geint Bieles.

 

FCBB: Bossers - Petry P., Schmit, Weidert, Kaufmann (C), Juncker, Albrecht, Sequeiros, Lacroix, Thies - Klein

Réserve: Frank, Guth, Scholtes, Dahm

Net dobai: Gansen, Dias (béid gespaart), Dockendorf, Schuster, Oswald, Dos Santos, Hoffmann

Share |