Berbourg I gewënnt an Ënnerzuel dank groussem Kampf an Asaatzwellen géint den Tabellenzweeten Sporting Steinfort mat 3-1 (0-0)

 

Bei permanenten Reenschaueren um déiwen an schmieregen Terrain hunn eis Jongen vollends iwwerzeegt an sech een enorm wichtegen 3er erkämpft.

Déi Stengeforter koumen déi éischt Minutten besser an den Match an koumen vereenzelt zum Ofschloss (8.an 23. Minutt) ouni awer richteg geféierlech ze ginn. No ronn 25 Minutten war den Match ausgeglach an Berbuerg huet méi couragéiert no fir gespillt. An der 28. Minutt probéiert et den Christian Albrecht vun Wäitem, allerdéngs iwwert den Goal. Eng Minutt drop zitt den Stengeforter Stiermer mam Ball um Fouss an eisen 16er, säi Schoss gëtt awer vum Yves Bossers gehal. Déi aner Chancen waren awer fir Berbuerg: sou verpasst den Albrecht mat sengem gudden Kappball an der 34. Minutt den Goal knapp, wei och den Steve Lacroix an der 39. Minutt mat sengem Volley-Schoss.

No der Paus huet Berbuerg den Match dikteiert an koum zu Chancen: An der 48. Minutt war et baal souwait. Den Dennis Gansen setzt sech staark iwert dei lenks Sait duerch an flankt punktgenau op den David Klein. Deem sain präzisen Kappball get duerch eng Glanzparad vum Stengeforter Keeper rausgeholl. 4 Minutten drop huet den Albrecht den Gol mat engem Fraistouss verpasst. An der 59. an 70. Minutt verpassen dei Stengeforter eisen Gol och ganz knapp.

Déi läscht 20 Minutten vum Match sollten et awer an sech hunn: an der 72. Minutt konnt den FC Berdenia den 1-0 markéieren. No engem Corner wiert den staarken Stengeforter Keeper ee Kappball vum Albrecht of, konnt den Noschoss vum Klein awer net méi stoppen.

2 Minutten dono koum den Fc Sporting zu 1-1 Ausgläich. Den Daniel Dias hält den Stiermer um Trikot fest, deen fält an den Arbitter weist op den Punkt Doriwer raus kritt den Dias seng 2. giel Kaart am Match an muss mat giel-rout vum Stéck. Den Eelefmeter gëtt onhaltbar verwandelt.

Stengefort konnt awer näischt aus der Iwwerzuel maachen, an sou sinn déi Berbuerger um Drécker bliwwen. An der 85. Minutt konnt den agewiesselten David Schuster seng Schnellegkeet ënner Beweis stellen andeems en sech iwwer lenks duerchsetzt, den Ball flaach eraspillt an den David Klein bedankt sech mam 2-1 fir déi Orange. 2 Minutten drop den identeschen Szenario. De Schuster vernascht op lenks den Verteideger, gëtt den Ball rëm op den Klein an der Mëtt an deen verwandelt äiskaal zum 3-1. Stengefort konnt näischt méi dogéint setzen an sou ass et bei deem Resultat op een Enn gaang.

 

Watt eng disziplinéiert an engagéiert Leeschtung vun eisen Jongen, deen een fir deen Kampf gëschter nëmmen felicitéieren kann. Bravo!

Felicitéieren wëlle mer awer och der US Sandweiler, déi fir d'éischt an hirer Veräinsgeschicht absolut verdéngt an d'Éirepromotioun gestiegen sinn. All Respekt.

 

Lo gelt et den Elan vu gëschter mat an den Match en Mëttwoch ze huelen, wou et géint eben déi staark Sandweiler geet. Gespillt gëtt auswäerts um 19:30.

 

FCBB: Bossers- Dockendorf (64. Petry P.), Schmit, Dias, Weidert - Juncker (83. Schuster), Lacroix, Albrecht, Guth (C- 68.Thies) - Klein, Gansen

Réserve: Thies, Petry P., Schuster, Sequeiros, Dahm

 

Net dobäi: Kaufmann, Frank, Scholtes, Hoffmann, Dos Santos, Oswald

Share |