Trotz gudder Leeschtung verléieren d'Minimes zu Iechternach 2:1 (2:0)

ECHTERNACH - BERBOURG 2-1 (2-0 )

E kräftege Schued kuerz virum Match huet dee knubbelegen Terrain och nach plazeweis ganz déif gemaach esou dat op der Limite war fir de Match unzepäiffen. Den Arbiter huet no kuerzer Inspektioun den Terrain awer fir spillbar erklärt.

Der technescher a kierperlecher Iwwerleeënheet vun den Abteistätter huet eis Equipe iwwert de ganze Match mat vill Asaz de Bass gehalen ouni de Fairplay ze vergiessen. Trotzdem war d’Heeméquipe an der Paus 2-0 vir.

No e puer takteschen Ëmstellungen an deenen zweeten 30 Minutten, ass et besser gelaf fir déi Giel/Schwaarz. Ganz kloer Goalchancen konnte mir eis awer net erausspillen.

10 Minutte virum Enn krute mir en 11Meter zougesprach, mä de Nicolas OSWALD huet en op d’Lat gesat.

Eis Equipe, woubäi eise Kapitän Cyrille NICKELS ewéi esou oft en absolut Virbild war a punkto Asaz, gouf awer kuerz drop fir hir gutt Leeschtung mam Éiregoal belount.

Et war e Korner vum Glenn ARTOIS deen de Jo PITZEN zum 2-1 eragekäppt huet.

De nächste Samschdeg geet et géint Lëntgen/Luerentzweiler wou et no 2 Néierlagen gëllt nees Punkten ze sammelen.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING , Cyrille NICKELS (Cap.) Serge KINNEN, – Leandro LOPES, Sam Wainwright , Rune Sörensen,Glenn ARTOIS, Nicolas OSWALD– Yannick SCHROEDER an Steven DOS SANTOS.

Reserve : Nick ASSEL, Jo PITZEN, an Damien STEFFES

Share |