Jeunesse Junglinster revanchéiert sech fir Défaite am Hinmatch an wënnt 0-2 (0-0) am Stade Rénert

Am gutt gefëlltenen Stade Rénert zu Berbuerg konnten eis Jongen am wichtegen Derby d'Erwaardungen nët erfëllen an verléieren den 2. Match hannerteneen.

De Match huet sech phasenweis gutt entwéckelt: Chancen an gutt Aktiounen goufen et déi 1. Halschent op béid Säiten. hunn déi Lënster et mat Waitschess probeiert (15. an 25. Minutt), sou hunn déi Berbuerger et mat schnellen Virstéiss versicht. Erfollegräich war eng Aktioun an der 27. Minutt, wei den Dennis Gansen eng wonnerbar Flank erabréngt an den Serge Guth den 1-0 per Kapp markéiert. Den Arbiter huet den Goal awer leider wéinst Abseits oferkannt. Dono goung et keng nennenswäert Chancen vun den 2 Equipen well d'Aktiounen haaptsächlech wéinst Ongenaugkeeten net ofgeschloss goufen. Sou ass et mam 0-0 an enger mëttelméisseger Partie an d'Paus gaangen.

Am 2. Duerchgang hunn déi Lënster d'Zepter an d'Hand geholl an koumen och duerch hiren massiven Ballbesetz zum 0-1. Deen Lënster Stiermer geet iwwert lenks duerch an schéisst den Ball onhaalbar an den laangen Eck. Den Match as weider verflaacht an Berbuerg konnt net reagéieren, well se sech einfach ze vill Feeler an Ongenauegkeeten erlaabt hunn. Déi Lënster haten eng weider nennenswäert Chance an der 75. Minutt, wei hiren Mettelstiermer duerch en puer Leit dribbelt, den Ball awer no sengem Schoss wäit driwwer geet. D'Entscheedung fält an der 78. Minutt, wei déi Lënster den 0-2 markéieren. Berbuerg hat an der 81. nach eng gutt Geleeënheet: den Gansen flankt op den Christophe Frank. deem säin Kappball iwwert den Goal geet.

Sou as et beim, am Endeffekt, verdéngten 0-2 bliwwen.

Net nervös ginn, net den Kapp hänken loossen. Mir brauchen nach e puer Punkten an lo mussen mer probéieren déi mat bedengungslosem Asaatz an kämpfereschen Wellen an deenen nächsten Matcher ze kréien.

Nächsten Match ass den Sonnden, 05.05, rëm am Stade Rénert, géint den Tabellenzweeten vun Stengefort um 16:00 Auer.

FCBB: Bossers - Scholtes (78.Thies), Schmit, Dockendorf, Kaufmann - Guth (C). Dias, Lacroix (63.Albrecht), Gansen - Klein (58. Juncker), Frank

Reserve: Thies, Albrecht, Juncker, Sequeiros, Dahm

Net dobäi: Weidert, Petry P., Schuster, Hoffmann, Oswald

Share |