Minimes verléieren ongécklech: BERBOURG –ENTENTE MUNSBACH-MOUTFORT 0-1 (0-3 )

 

Bei summerlechen Temperaturen gouf et eng onglécklech Néierlag géint eng kierperlech a kämpferesch staark Equipe vu Mënsbech-Mutfort.

Eng Rei Chancen huet eis Equipe sech erausgespillt an deenen 30 éischten Minutten, mä Versich duerch Charel KREMER, Jo PITZEN, Rune SÖRENSEN an Leandro LOPES konnten net genotzt ginn, dat néidegt Gléck respektiv d’Entschlossenheet vun eise Spiller hunn hei gefehlt.

Besser huet de Géigner et gemaach, deen praktesch seng eenzeg Chance eragemaach hunn no engem Stellungsfehler an eiser Verteidegung.

Eis Equipe huet de Verdéngscht net opginn ze hunn an der 2. Halbzéit, mä bei Versich vu Glenn ARTOIS a Jo PITZEN waren emer Been vu Verteideger doteschent an d’Bäll wollten de Wee an de géijneresche Gol einfach net fannen.

Nodeem de Cyrille NICKELS an d’Mëttelfeld erop geréckelt ass no 10 Minutten an der 2. Halbzeit fir nach fir méi Drock ze suergen, hunn zwee Konteren vu Mënsbech-Moutfort kuerz viru Schluss d’Endresultat bruecht.

Et war een Dag wéi et der gëtt am Sport: et sollt einfach net sinn. D’Gléck war dee Spilldag net op eiser Säit.

 

Positiv zeréckzebehalen ass, dat den Asaz nobäi bei all Eenzelnen gestëmmt huet. Als Opsteiger sti mir elo no 5 Matcher an der Hironn mat 9 Punkten an der Tabell wat ganz an der Rei ass.

D’Saison wärt bestëmmt ganz spannend bleiwen well d’Equipen vum Niveau hir all relativ gléich staark sin.

 

Eng gutt Note hu sech op dësem Dag Jérôme KRING, Glenn ARTOIS , Jo PITZEN, Nicolas OSWALD an och de Nick ASSEL verdéngt.

 

Equipe : Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING , Cyrille NICKELS (Cap.) Sam KONSBRÜCK, – Leandro LOPES, Asbjorn SÖRENSEN- Nicolas OSWALD, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Rune SÖRENSEN an Steven DOS SANTOS.

Reserve : Nick ASSEL, Sam WAINWRIGHT, Jo PITZEN, an Asbjorn SÖRENSEN

Share |