"Nët déck!": den treffenden Resumé vun der 3-2 (2-1) Défaite zu Cessange géint den FC Cessange-Bracarenses-Grund 2001

Bal nëmmen Berbuerger Supporteren waren am Complexe sportif Boy Konen unzefannen, dei een serréierten, spillerech awer schwaachen Match gesinn hunn.

 

Béid Equipen hu gutt ugefangen a vun Ufank u mat oppenem Viséier gespillt. CeBra haaten an der 9. an 10. Minutt geféierlech Aktiounen nô fir, ouni Erfolleg.

 

Dôno hunn déi Berbuerger den Drock massiv erhéicht, a koumen duerch gutt Aktiounen virun den Goal (13. David Klein leet op Christian Albrecht, de Wäitschoss get ofgefälscht - 16. geféierleche Fräistouss vum Albrecht, knapp derlanscht - 18. Minutt, Wäitschoss Albrecht, driwwer). An der 21. Minutt setzt sech den Dennis Gansen vun der Mëtt no lenks an den Stroofraum duerch, an kréint säi schéine Solo mam 0-1 fir Berbuerg.

Vill bruecht huet et net: Direkt drop setzt sech den Stiermer vun CeBra ähnlech iwert lenks duerch an setzt mat der frendlecher Hellef vum Bannenpotto zum 1-1 ran.

 

Berbuerg, ongewinnt onsëcher an der Defense, konnt den 2-1 an der 25. Minutt och net verhënneren, deen och rëm ze einfach iwwert lenks gefall as. An der 29. Minutt haat rëm de Christian Albrecht de Goal um Fouss: Den David Klein spillt raus op den Dennis Gansen, deen leet den Ball an den Laaf vum Albrecht, mee den Keeper konnt den Schoss oofwieren. An der 38. Minutt entschärft eis Nummer1, den Yves Bossers, mat enger Glanzparad een ganz geféierlechen Schoss. 4 Minutten drop spillen déi Berbuerger ee laangen Ball op den Steve Lacroix, dee per Volley an d'Mëtt flankt, wou een Cessanger Verteideger den Ball onglécklech op den eegenen Goal devieiert, de perplexen Keeper awer paréiere kann. Am Géigenzuch behällt den Yves Bossers an engem 1 géint 1 d'Iwwerhand.

 

Nô der Paus flacht den Match of, déi Berbuerger bleiwen awwer spillbestëmmend. Eng greisser Chance haaten mer an der 60. Minutt (Juncker op Klein, Keeper hält an direkt drop: Gansen op Klein, knapp derlaanscht). Déi kaal Dusch koum dunn an der 71. Minutt: Nô engem onnéidegen Fräistouss kruuten déi Berbuerger den Ball nët zwengend geklärt, an Cessange konnt aus 16 Meter mat engem schéinen Volley-Schoss an d'Kräiz onhaalbar zum 3-1 markéieren.

 

Den FC Berdenia huet alles probeiert zum Uschlosstreffer ze kommen: sou verpassen de Klein an der 80. Minutt per Kappball no Albrecht-Flank, an den Serge Guth an der 85. no gudder Virarbescht vum Serge Thies, de Goal. An der 90. Minutt konnt den Christophe Frank nach den 3-2 op der Linn markéieren, nodeems den Albrecht de Ball schons baal selwer ragekäppt haat.

.

Vir den Ausgläich ass ët awer nët méi duergaang, no "just" 4 Minutten Nospillz!ait, dofir dës perseinlech Randnotiz:

 

D'CeBraspiller waren an der 2. Halschent mei domadder beschäftegt, schwéier Verletzungen ze simuléieren, fir vill, vill Zait ze schënnen, an dëst, no quasi all Zweekampf.Leeferesch stärksten Mann bei der Heemequipe war an der 2. Halschent ouni Zweifel de Soigneur. Nô der "Behandlung" hunn et sech dei Hären Spiller dann awer nët huele gelooss, fir nô 20 Sekonnen rëm topfit op den Terrain zréckzekommen. Dass een mol heiansdô op Zäit spillt, ass normal am Fussball, mee daat gëschter ass de Fair-Play mat Féiss gerannt. Dës excuséiert op kee Fall eis Neierlaag, muss awer mol gesoot gin.

 

Lo geet et den Sonnden beim Derby doheem am Stade Rénert geint den Nôper vu Jonglënster ëm ganz vill. Lass geet et um 16:00 Auer zu Berbuerg.

 

FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Schmit (55.Frank), Kaufmann (C) - Juncker (62.Guth), Dias, Lacroix (77.Thies), Albrecht, Gansen - Klein

 

Réserve: Dos Santos, Frank, Guth, Thies, Sequeiros

Net dobäi: Hoffmann, Schuster, Dockendorf, Scholtes, Dahm

Share |