Minimes bleiwen un der Tabellespëtzt Wormeldange-Berbourg 0:1 (0:1)

 

Mat enger beispillhafter kollektiver Leeschtung hun eis Minimes 3 Punkten zu Wuermer geholl a verdeedegen domat déi 1. Plaz.

Mir sinn ganz gutt an de Match komm, dat no enger Pass an d’Déift vum Glenn ARTOIS op de Nicolas OSWALD, deen de Ball duerno op de Steven DOS SANTOS an d’Mëtt eraget mä de lescht genannten huet knapp verzunn. Et war eng Minutt gespillt !

Duerno ass dee ganz intensiven, awer faire Match hin an hir gaangen zwëschen 2 gläichwäertegen Equipen.

Eng weider flott Kombinatioun iwert de Glenn ARTOIS, Nicolas OSWALD konnt de Steven DOS SANTOS kuerz virun der Paus zum Goal vum Dag ofschléissen.

An der 2. Halbzeit ass de Match weider op an of gaangen, mat villäicht méi Ballbesetz fir d’Heeméquipe ouni dat si sech awer konnten ganz gudd Goalchancen erausspillen.

Et waren eis Jongen déi duerch de Steven DOS SANTOS op Konter hin déi gréisste Chance haten mee de Ball ass just laanscht de Poteau gaangen.

Déi Wuermer konnten duerch e wonnerbaren Kappball gefalen, deen eise Goalkeeper Bob SCHRANTZ genial aus dem Wénkel eraushëlt. An deem Zesummenhang sollen eis Leit aus der Verteidegung, déi op dëser Plaz selten erwähnt gin, en extrae Luef kréien.

Dat sinn eise souveräne Goalkeeper Bob SCHRANTZ, den enorm staarken an ëmsichtegen Cyrille NICKELS, deen e Ball spektakulär op der Linn gerett huet, esou wéi eis 2 Ausseverteideger Sam KONSBRÜCK an Jérôme KRING déi sécherlech hire beschte Match vun der Saison gemaach hunn.

Ofschléissend nach enk Kéier awer e Kompliment un déi 13 wou gëschter um Terrain stoungen fir hiren Asätz an déi konzentréiert Leeschtung op engem plazeweis déiwen, schwéier bespillbaren Terrain.

 

Equipe :

Bob SCHRANTZ - Jérôme KRING , Cyrille NICKELS (Cap.) Sam KONSBRÜCK, – Leandro LOPES, Asbjorn SÖRENSEN- Yannick SCHROEDER, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Nicolas OSWALD an Steven DOS SANTOS.

Reserve : Jo PITZEN an Damien STEFFES

Share |