Potto an Laat verhënneren 3 Punkten fir den FC Berdenia: 0-0 géint d'Yellow Boys Weiler-la-Tour

Bei killen Temperaturen an extrem vill Wand, koumen eis Jongen net iwert een 0-0 geint eisen neien "Lieblingsgeigner" Weiler eraus.
Berbuerg huet staark ugefaang an fréi Drock opgebaut. Sou hun déi Weiler schon an der 3. Minutt een Goalschoss vum David Klein missten op der Linn klären. 3 Minutten mei speit as et dann ee Laatentreffer vum Manuel Kaufmann aus 16 Meter, deen wéinst dem Wand ganz schwéier auszerechnen war. An der 8. Minutt as et den David Klein, deen no schéiner Kombinatioun mam Dennis Gansen eleng op den Keeper zouleeft, allerdengs konnt deen dem David Klein de Ball vum Fouss plecken.
An der 12. Minutt kommen déi Weiler zu der 1. Chance, mee den Stiermer, deen aleng iwert d'Sait duerch war, setzt den Ball driwer. Een Corner an der 13. an een Fraistouss an der 19. Minutt vun Weiler sin duerch den Wand richteg gefeierlech op den Goal komm, mee den Yves Bossers konnt béid Bäll an den Corner deviéieren.
Läscht grouss Chance an der 1. Halschent haat den Christian Albrecht an der 27. Minutt, mee sain Kappball war net platzeiert genuch. Den Match as weider rop an roof gaang, gréisser Chancen sin awer ausbliwen.
 
Nôm Pausentei haaten d'Yellow-Boys direkt an der 46. Minutt eng gutt Geleenheet per Wäitschoss, mee den Ball verfehlt säin Ziel. Op der aanerer Säit, verfehlt och dem Dennis Gansen säi Wäitschoss d'Geheis vum Weiler Keeper. Kuerz drop haaten eis Jongen Chance, wei deen mat opgereckelten Weiler Vereideger een Kappball knapp driwer setzt, an an der 59. Minutt wou den Yves  Bossers eng 1 géint 1 Situatioun entschärft.
Am Géigenzuch haat den FC Berdenia d'Chance vum Match: Den Pol Petry setzt sech gudd iwer riets duerch, zitt an den 16er ran an schléisst oof. Deen Keeper léisst den Ball oofprallen, direkt virun d'Féiss vum Dennis Gansen. Dee passt op den David Klein, deen direkt den Oofschloss sicht, mee säi Ball gët mat enger Glanzparad vum Keeper in extremis gerett.
Berbuerg, entretemps rëm méi staark, huet weider drockvoll nô fir gespillt. Zwou weider Chancen goufen ët  duerch den Dennis Gansen (61. an 73. Minutt).
Den Potto verhennert an der 75. Minutt den 1-0 fir Orange. Een gudd ausgefouerten Fraistouss vum Dennis Gansen huet den Wee nët an den Goal fonnt.
Läscht Chance vum Match haat nach eng Keier den glecklosen Dennis Gansen, deen ee Fräistouss vun der Säit gutt op den Goal ranzitt.
 
Sou as ët um Enn bäim 0-0 bliwwen. Rëm keen Geigengoal kasséiert, rëm net verluer, am Endeffekt musse mer zefridden mat deem Pinktchen sinn, och wann méi dragewiecht wier
.
De Mettwoch, 18. Abrëll 2012 ass den Nohuelmatch an der Coupe FLF am Stade Rénert um 19:30 Auer, rëm geint d'Yellow-Boys.
 
Wichteg fir nächsten Sonnden: Den Match geint CeBra ass schon um 15:00 Auer am Stade Boy Konen zu Cessange!
 
FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Schmit, Dockendorf - Guth, Dias, Albrecht, Kaufmann - Gansen, Klein
Reserve: Dos Santos, Frank, Juncker, Thies, Sequeiros
Nët dobäi: Lacroix, Schuster, Scholtes, Oswald, Dahm
Share |