Berbourg I revanchéiert sëch géint d'US Esch 0-2 (0-1)

Am, wéinst Ouschteren, virverluechtene Spilldag wosst den FC Berdenia zu Esch vollends ze iwwerzeegen an gewënnt wuelverdengt beim Tabellendrëtten. 
Vun Ufank un haten déi Berbuerger d'Mëttelfeld an hierer Hand, sou dass déi technesch staark Equipe aus dem Süden an der 1 Halschent guer net zum Zock koum.
Vill Goalchancen goufen ët nët: An der 22. Minutt konnt den FC Berdenia déi 1. grouss Chance och direkt verwerten. No engem säitlechen Fräistouss vum Tom Schmit konnt den Christian Albrecht per Kappball géint den Laaf vum Keeper den 1-0 markéieren.
An der 27. geet den Manuel Kaufmann mam Ball um Fouss an den 16er, säi Schoss geet allerdengs wäit driwer. Phasenweis gudd Aktiounen an der 1. Halschent sinn awer weider ouni Erfolleg bliwwen.
No der Paus koumen dei Escher mei drockvoll aus der Kabinn, dei 1.Chance haat awer den Albrecht an der 53. Minutt nodeems en een degagéierten Ball volley aus 20 Meter knapp driwer setzt.
Dei 1. Escher Chance vum Match haaten se an der 65. mat engem harmlosen Wäitschoss. 4 Minutten drop huet den Yves Bossers déi éischten Kéier missten agräifen, andeems en ee weideren Wäitschoss gudd an den Corner deviéiert.
An der 71. Minutt haaten dei Escher eng weider Chance, mee den Kappball no engem Fraistouss geet driwer. An der 78. Minutt maachen dei Berbuerger ët besser: Den David Klein gët super virum 16er an Szen gesaat an setzt per Direktschoss den Ball onhaalbar zum 2-0 an den laangen Eck. 
Opreegung gouf et kuerz drop, wei dei Escher een Eelëfmeter zougesprach kruuten. Den Bossers paréiert den Ball an den Arbiter päift oof, well 2 Escher schon wäit am 16er stoungen. Den Eelëfmeter gët nét widderholl, mee ët gët Arbiterball.
Déi Escher hun sech nach probéiert ze wieren mee bis op 2 Chancen an der 83. Minutt (Bossers paréiert aus kuerzer Distanz) an an der 84. Minutt (Noschoss geet driwer) haaten se nët méi. D'Us Esch huet alles no fier gehäit, an sou koumen déi Berbuerger zu groussen Konterchancen. An der 85. verlängert de Christophe Frank ee Ball op den Dennis Gansen, dee leet riwer op den David Klein, mee de Schoss verfeelt d'Ziel. An der 87. Minutt geet ee Wäitschoss vum agewiesselten Berni Sequeiros knapp driwer.
An der 90. Minutt spillt den Dennis Gansen een heigen Ball iwert déi ganz Defense vun Esch, dem Christophe Frank genau an den Laaf, mee deen verschéisst aus 10 Meter. An der 94.Minutt war et nach emmer nët riwer: De Christophe Frank gët am 16er vun den Been geholl an dei Berbuerger kreien een Eelëfmeter zougesprach. Deen get allerdengs net verwert: de Christophe Frank verschéisst an Sekonnen drop gouf oofgepaff.
Eng ganz disziplinéiert Leeschtung bréngt eis een eminent wichtegen 3er an, an wiert eis definitiv fir den Rescht vun der Saison deen neidegen Reckenwand liweren.
Weider geet et nächsten Sonnden um 16:00Auer am Stade Rénert, rem geint Weiler-la-Tour, wou et dës Kéier awer rëm ëm Punkten geet.
 
FCBB: Bossers - Petry, Weidert, Hoffmann, Dockendorf (70.Sequeiros) - Juncker (79.Frank), Schmit, Kaufmann (C), Albrecht, Gansen - Klein (85.Guth)
 
Réserve: Dos Santos, Frank, Guth, Sequeiros, Thies
Nët dobäi: Dias, Lacroix, Schuster, Oswald, Dahm, Scholtes
Share |