Berbourg I ënner Wert geschloën: 1-4 (0-2) geint Fluesweiler/Beyren

Wann een se vir nët eraschéisst, jo dann . . . Komëscherweis passt dëse Sproch zum Match, trotz dem heijen Resultat.

Et wor en héichinteressanten Match, deen béid Equipen gebueden hunn. No kuerzer Oftaschtphase koumen déi Fluesweiler zu der 1. Chance an der 11. Minutt, mee den Yves Bossers am Goal wousst së zë verhënneren.

Donô hun dei Berbuerger gedréckt a koumen zu vereenzelten gudden Aktiounen. 21. Minutt: Den Dennis Gansen spillt eng Flank fest an den 16er, den David Klein léisst duerch an den Michel Juncker verpasst den Goal mat sengem Kappball. An der 26. Minutt probéiert ët de Christian Albrecht vu Wäitem, mee de Ball geet riicht op de Keeper. 1 Minutt méi spéit erkämpft sech den David Klein den Ball, leet riwer op den Berni Sequeiros deen direkt op de Michel Juncker eraflankt, deen den Ball awer nët zwengend konnt verwerten.

Äiskaal dunn dei Fluesweiler am Géijenzuch: Ee Malentendu an der Berbuerger Oofwier notzen së zum 0-1. Berbuerg, sichtlech geschockt awer weider beméit, koum awer net méi zu zwëngenden Aktiounen nô fir. Bis op dei 42. Minutt wou den Dennis Gansen ee gudden Ball eragëtt, mee de Michel Juncker wäit verzitt.

Eng zweet kaal Dusch gouf et dunn kuerz virun der Pause, wou déi Fluesweiler ee schnellen Konter gutt erausgespillt hunn, an ee weideren Goal markéiert hunn.

Nô der Pause koumen déi Berbuerger nach mei staark aus der Kabinn, haaten an der 49. Minutt allerdengs Chance, wéi Fluesweiler aus 5 Meter fräistehend den Goal nët getraff huet.

 

2 Minutten drop konnt den agewiesselten David Schuster den Ball nët kadréieren, wou am Stroofraum vun Fluesweiler/Beyren een zimmlecht Gewulls entstaan ass. An der 53. verpassen 3 Berbuerger am Strofraum een strammen Fräistouss vum Manuel Kaufmann.

An der 59. Minutt hält den Keeper vun Fluesweiler ee Wäitschoss vum David Schuster. Méi Chance haaten mer an der 60. Minutt, wou de Christian Albrecht am 16er gefoult gouf, an den Arbiter op den Punkt gewiesen huet. Dee konnt den Manuel Kaufmann och ganz souverän zum heichverdéngten 2-1 versenken.

Den FC Berdenia huet weider gedréckt, haat awer an der 66. Minutt Chance wei ee Konter vun Fluesweiler vun der Laat gebremst ginn ass.

Eng weider Chance haat den David Klein, wei ën aus der Dreiung ofgezunn huet, leider awer nët fest genuch, esou dat de Keeper keng Problemer haat.

Den 1-3 as an der 76. Minutt gefall, nodeems een Fluessweiler sech aus 16 Meter een Härz geholl huet an stramm oofgezunn huet. Den Yves Bossers war nach drun, mee den Schoss war ze fest.

An der 80. Minutt waren et rëm dei Orange: Flank vum Dennis Gansen, Volley-Schoss vum David Klein, mee alt rëm eng Glanzparad vum Fluessweiler Keeper.

83. Minutt: 1-4, nodeems eis Défense déi néideg Agressivitéit vermessen gelooss huet.

Lescht Berbuerger Chance haat den Dennis Gansen, wou en 1 géint 1 op den Fluessweiler Keeper zouleeft, allerdéngs mat riets just den Poteau trefft.

An der 91. haaten dei Fluessweiler dunn hier läschten Chance, wou den Yves Bossers och am 1 géint 1 d'Iwwerhand behält.

 

Vill Pech haaten mer, mee am Endeffekt waren dei Fluessweiler besser, zumols well se hier Goalchancen verwerten konnten.

Lô as eng kleng Pause am Championnat, vläicht genau richteg. De Sonnden geet et an der Coupe-FLF um 16:00 Auer géint den kriselnden FC Yellow Boys Weiler-la-Tour, ier mer rëm am Championnat attakeieren.

 

FCBB: Bossers - Petry, Schmit, Weidert, Kaufmann(C) - Juncker (68. Dockendorf), Lacroix, Albrecht, Sequeiros (46. Schuster), Gansen - Klein (83. Oswald)

Reserve: Dos Santos, Dockendorf, Oswald, Schuster, Hoffmann

Net dobäi: Dias,Thies, Frank, Dahm, Scholtes

 

Share |