Minimes wannen verdéngt géint Entente Lintgen/Lorentzweiler 5-2 (0-0)

Berdenia Berbourg - Entente Lintgen/Lorentzweiler 5-2 (0-0)

 

Nodeem am Laf vun der Woch eiser Equipe 3 Punkten vum Sportsgeriicht vun der FLF zougesprach goufen, sinn 3 weider Punkten bäikomm am Heemmatch géint d’Entente Lintgen-Lorentzweiler.

 

An deenen éischten 35 Minutten huet eis Equipe de Match kontrolléiert mä gutt Chancen konnten net genotzt ginn. Desweideren huet de Goalkeeper vum Géigner e gudde Schoss vum Charel Kremer paréiert.

No der Paus ass eis Equipe entgéint dem Spillverlaf 0-1 hannekomm, nodeem de Ball, emol méi an dëser Saison, net konnt aus der Geforenzone degagéiert gin.

Eis Jongen hunn duerno ënnert dem Impuls vum Glenn ARTOIS a vun eisem Kapitän Cyrille NICKELS, deen an d‘Mëttelfeld eropgereckelt ass a fir vill Drock gesuergt huet , awer ganz gutt reagéiert.

Den Ausgläich ass duerch de Cyrille Nickels gefall nodeem hien gutt per Kapp an d’Lach geschéckt gouf vum Glenn ARTOIS. Eng ganz gutt Eenzelleeschtung vun eisem Kapitän huet den 2-1 bruecht .

D’Virentscheedung vum 3-1 as duerch e Lënksschoss vum Steven DOS SANTOS gefall. Den Hattrick vum Cyrille NICKELS war kuerz duerno perfekt an de Match war gelaf. 

De leschte Goal vum Géigner ass gefall, nodeem e Spiller en Dégagement vun eisem Goalkeeper konnt kontrolléieren, a mat engem proppere Schoss d’Endresultat hierstellen.

De Yannick SCHOEDER huet dunn, no enger gudder Pass vum Leandro LOPES, d'leschte Goal vum Match maachen, an op  5-2 setzen.

Alles an allem eng anstänneg Leeschtung , sou dat eis Equipe no dräi Spilldeeg mat 6 Punkten an der Tabell steet.

Share |